Eréischt no dräi Stonnen an der Keelt an am Donkelen ass den Zuch dunn Direktioun Léck depanéiert ginn.
Iwwerhaapt war et ee schwierege Weekend op den däitsche Schinnen. Nom ville Neischnéi an de leschten Deeg koum et zu deels chaotesche Situatiounen. A Bayern bleift d‘Situatioun wéinst dem ville Schnéi dann och wieder komplizéiert. Gëschter sinn éischt Zuchlinnen nees no an no en service geholl ginn.
Och de Fluchhafe München huet zum Deel nees funktionéiert. D‘Autoritéite warnen awer weiderhin viru Problemer am ëffentlechen Transport.