Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Jonker notzen Internet vill fir géint Langweil ze kämpfen

Statec Etüd

Jonker notzen Internet vill fir géint Langweil ze kämpfen

Déi Jonk tëscht 16 a 24 Joer notzen den Internet haaptsächlech fir mat Frënn a Famill a Kontakt ze bleiwen. Ee groussen Deel vun hinnen, 67 Prozent, awer och fir géint Langweil unzekämpfen. Dat geet aus engem neie Rapport vum Statec ervir. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Bigstock / karn684 play_arrow
(Foto: Bigstock / karn684)

Datt den Internet fir Villes méi oder manner nëtzlech ka sinn ass gewosst. A bei engem Punkt sinn all d’Altersklassen d’accord: Am nëtzlechste wier den Internet fir d’Kontakter mat Famill oder Frënn ze fleegen a nei Kontakter ze knäppen,

Duerno awer kënnt e Resultat dat de Statec “frappant” nennt: Bei Jonken tëscht 16 a 24 Joer sote 67 %, si géifen den Internet virun allem benotze fir sech net ze langweilen. De Kampf géint d’Langweil ass deemno an där Altersgrupp op der zweeter Plaz, ex aequo mam Gebrauch vum Internet fir Informatiounen ze sichen a sech besser ze informéieren.

Opfalend ass och, datt de Gebrauch vum Internet staark vun deem beaflosst gëtt, wat een am Liewe mécht, stellt de Statec fest. Bei Jonken tëscht 16 a 24 Joer déi am Chômage sinn, zum Beispill, soten se all, 100 %, si géifen den Internet virun allem benotze fir sech net ze langweilen. Bei Jonken aus derselwechter Altersgrupp, déi eng Aarbecht hunn, oder déi studéieren, läit dëse Pourcentage bei “nëmme” 64 % respektiv 68 %.

Dann huet de Statec nach gefrot, wat d’Leit am léifsten am Internet maachen. Net iwwerraschend stinn do bei Jonken Aktivitéite wéi Musek lauschteren, Videoe kucken oder op soziale Reseauen sech austausche, ganz uewen, mat 70-80 %. Bei eelere Leit iwwer 65, ass et, och net iwwerraschend, anescht. Do soten zum Beispill nëmme ronn en Drëttel, si géifen um Internet Musek lauschteren oder Video kucken. 

Lauschterenplay_arrow