search

/ Hybrid-Autoen: Eng Zort "Greenwashing“

Mobilitéit

|
headphones

3 min

headphones

4 min

play_arrow

Hybrid-Autoen: Eng Zort "Greenwashing“

Wärend dem Autosfestival gi besonnesch vill nei Autoen zu Lëtzebuerg verkaf. Och hei am Land sinn an de leschte Jore méi elektresch Autoe verkaf ginn. Am populäerste sinn awer den Ament Hybrid-Autoen. An dat obwuel se net méi subventionéiert ginn an net immens ëmweltfrëndlech sinn.

headphones

3 min

headphones

4 min

play_arrow

De Lëtzebuerger Fuerpark ass am gaange sech ze elektrifizéieren. Mee vum Zil vun 49 Prozent bis 2030 ass een nach wäit ewech.

Popularitéit klëmmt weider

Den Undeel vu reng elektreschen Autoen ass zejoert an der gesamter Autos-Flott zwar weider geklommen, vu ronn 7 op 8,7 Prozent. Mee bei den neien Immatrikulatioune vun Elektro-Autoe gouf et zejoert e liichte Réckgang vu 27,4 Prozent am Joer 2024 op nach 26,9 Prozent zejoert. D‘Popularitéit vun Hybrid-Autoen ass par konter weider geklommen.

Déi meescht vun de ronn 47.160 neien Autos-Immatrikulatiounen zejoert zu Lëtzebuerg waren Hybridautoen. Si hu ronn 29 Prozent ausgemaach, an dat obwuel ee fir Hybridmodeller zënter 2025 net méi vum Klimabonus-Mobilitéit ka profitéieren.

Effektiv sinn d‘Hybrid-Autoen och net immens klimafrëndlech, och wann d‘Konstrukteuren dat gären op d‘Etikett schreiwen. 

Duebelt Motorisatioun brauch nach méi Ressourcen

Dat ass besonnesch de Fall bei den Hybriden, déi een net an e Stecker stieche kann. Déi kleng Batterie, déi se nieft engem thermesche Bensinns- oder Diesel-Motor och hunn, luet sech beim Fueren ëmmer nees selwer op. Dat allerdéngs just fir Bensinn oder Diesel ze spueren: Am elektresche Modus kënnt een héchstens e puer Kilometer wäit. Dat wier schonn eng Zort "Geenwashing" erkläert de Camille Muller vum Oekozenter Pafendall a vum Projet oekotopten.lu

"Ëmweltfrëndlech si se schonn an der Produktioun net, well ee jo eng duebelt Motorisatioun huet. (…) Natierlech brauchen dann déi Hybride mat hirer duebeler Motorisatioun nach méi Ressourcen."

Méi präiswäert wéi Plug-in Hybrid oder Elektroauto

Dobäi hunn dës net opluedbar Hybrid-Autoen zejoert bei wäitem dee gréissten Deel vun de nei immatrikuléierten Hybrid-Modeller ausgemaach. Vun de ronn 17.500 nei immatrikuléierten Hybriden zejoert, waren der 13.800 Modeller, déi een net opluede kann an och net opzeluede brauch. Hir Popularitéit huet - nieft deem manner héije Verbrauch - nach anere Grënn, mengt de Camille Muller. Engersäits sinn déi Hybriden am Duerchschnëtt méi präiswäert.

"En anere Grond ass natierlech och deen, dass och e Plug-in-Hybrid iergendwou herno un eng Luedstatioun muss goen."

Vill Leit géifen net an Haiser an Appartementer wunnen, déi déi néideg Infrastruktur hunn, fir een Auto opzelueden.

Héije Verbrauch vu Produktiounsenergie bei Plug-in Hybriden

D‘Plug-In-Hybride kommen de reng elektreschen Autoen zwar scho méi no, mee si sinn - vun der Klima- an CO2 Bilanz hir - och problematesch. Éischtens wéinst der sougenannter "groer Energie".  Dat heescht, d‘Produktiouns-Energie, déi fir Autoe mat duebeler Motorisatioun méi héich ass.

An da sinn d‘Plug-In-Hybriden dacks vum Gewiicht hir zimmlech schwéier.

"Déi gären 200-400 Kilo méi Gewiicht maachen. Dat muss jo och matgeschleeft ginn. Dat mécht och natierlech am Verbrauch extreem vill aus."

CO2-Bilanz vu Konstrukteure profitéiert trotzdeem

An Däitschland gi verschidde Plug-In-Hybriden trotzdeem och dëst Joer weider staatlech subventionéiert, mat enger Basis-Primm vun 1.500 Euro. Fir d‘Konstrukteure geet d‘Rechnung op. Net just finanziell, mee fir hir gesamt CO2-Bilanz, esou nach de Camille Muller vun oekotopten.lu.

"Si maachen dat natierlech, fir herno ënner dem Stréch op hir Resultater ze kommen, fir kënnen ze soen: Eis Flott, déi huet esou vill CO2-Ausstouss manner. Mee dat soll awer de Verbraucher net doriwwer täuschen, datt dat elo reng wirtschaftlech fir d'Autoconstructeuren interessant ass.“

Der Ëmwelt wier domat net vill gehollef. Dem Camille Muller no ass den Hybrid ee Réckschrëtt par rapport zum vollen elektreschen Auto.

play_arrow Lauschteren