Radioen

On air

Concert  |  Musek inspiréiert vum Mier

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hurrikan Beryl: Dräi Membere vum CGDIS hëllefen an der Karibik

emergency.lu

Hurrikan Beryl: Dräi Membere vum CGDIS hëllefen an der Karibik

De CGDIS huet d'lescht Woch dräi Membere vum humanitären Interventiounsteam an d‘Karibik geschéckt fir nom Passage vum Hurrikan Beryl an de betraffene Gebidder ze hëllefen. Wéi d‘Regierung an de CGDIS matdeelen, wier Lëtzebuerg vun der UNO gefrot ginn, de betraffene Populatiounen op den Insele Grenada a Saint Vincent an d'Grenadinnen ze hëllefen.

auto_stories

1 min

Hurrikane Beryl | © picture alliance/dpa | Felix Marquez
Foto: picture alliance/dpa | Felix Marquez

D'Lëtzebuerger Regierung huet fir d'éischt e Member vum CGDIS dohinner geschéckt, fir mat der UNO hirer Ekipp déi éischt urgent Besoinen op der Plaz ze evaluéieren.

Zwee weider Membere vum CGDIS goufen dunn de leschte Freideg op déi karibesch Insele geschéckt. Si hunn Equipement matbruecht, dorënner d‘Satellitte-Kommunikatiouns-Plattform emergency.lu. Déi gëtt agesat fir a Katastrophegebidder d'Kommunikatioun ze retabléieren.

Op d'mannst 8 Doudeger an den USA

An den USA huet de Stuerm Beryl iwwerdeems eng Spuer vun der Verwüüstung hannerlooss. Besonnesch betraff sinn d'Staaten Texas a Louisiana. Do wieren op d'mannst aacht Mënsche wéist dem Stuerm ëm d'Liewe komm, esou US-Medien. Milliounen Awunner hunn nach ëmmer kee Stroum. Dat ass problematesch, well elo eng Hëtztwell bevirsteet mat Temperature vu wäit iwwer 30 Grad, a vill Klimaanlagen net funktionéieren.