Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Entféiert Kand gouf zu Amsterdam lieweg fonnt

Aus Spidol zu Paräis entféiert

Entféiert Kand gouf zu Amsterdam lieweg fonnt

Den nëmmen e puer Wochen ale Puppelchen, dee viru 4 Deeg aus engem Spidol zu Paräis entféiert soll gi sinn, ass an Holland erëm opgedaucht.

auto_stories

1 min

Police Frankräich  | © picture alliance/dpa | Philipp von Ditfurth

D‘Kand gouf lieweg zesumme mat sengen Elteren an engem Hotel zu Amsterdam fonnt, dat huet déi hollännesch Police confirméiert. D‘Eltere goufe festgeholl, an de Puppelche gouf an eng Klinik bruecht.

Schonn zanter Deeg haten d‘Autoritéiten nom Kand gesicht, et war een dovun ausgaangen, datt seng 23 a 25 Joer al Elteren et e Méindeg entféiert hunn an nach a Richtung Belsch geflücht sinn.