D‘Hallschecht vun der Populatioun leit an Tëschenzäit Honger. D‘Leit géife Mierwaasser drénken, well et u propperem Drénkwaasser feelt. Den Direkter vum Spidol vun der Stad Chan Yunis seet, si hätten d‘Kontroll iwwer d‘Spidol verluer, et géifen esou vill Affer kommen, datt et net méi méiglech wier, ze hëllefen.
Déi israeelesch Arméi fiert weider mat hirer intensiver Interventioun an der Gazasträif virun. Aktuell ass virun allem de Süde viséiert, wou honnertdausenden palestinensesch Zivilisten higeflücht sinn.
De Moie gi vun der Plaz massiv Bombardementer aus der Loft gemellt. Mir mussen den Drock weider erhéijen, sot dozou de Chef vun der israeelescher Arméi, den Herzi Halewi. Israel seet, si hätten zanter dem Optakt vum Krich Ufank Oktober bis elo 7.000 Kämpfer vun der radikaler Hamas dout gemaach.