Zanter dem 2. Trimester 2023 géif d‘Plus-Value am Horeca-Secteur rëm tendenziell stagnéieren.
Anescht gesäit et beim Emploi an der Gastronomie aus. Wéinst dem Chômage partiel wärend der Pandemie hunn net vill Leit missten entlooss ginn.
Och 2023 wier den Emploi am Horeca-Secteur ganz dynamesch, sou de Statec, deen awer eng Rëtsch negativ Signaler an de leschte Méint feststellt. D‘Perspektive fir dëst Joer wieren och net favorabel.