An Israel sinn op d‘mannst 300 Leit gestuerwen, a bal 1.600 Leit blesséiert ginn. Op palestinensescher Säit sinn nach eemol op d‘mannst 232 Leit emkomm, 1.700 goufen der blesséiert. D‘Hamas soll och eng onbekannten Zuel vun israeeleschen Zaldoten an Zivilisten, ënnert hinne Kanner, an d‘Gazasträif entféiert hunn. Israel huet de Moien elo ugefaangen, hir Leit aus de Grenzdierfer mat der Gazasträif ze evakueieren.
Israel wëll déi militäresch a regierungstechnesch Kapazitéiten vun der islamistescher Hamasorganisatioun an dem islameschen Dschihad zerstéieren, an dat op Joren, fir datt se Israel net méi kënne bedroen an ugräifen, ass de Message aus dem Büro vum israeeleschen Regierungschef Benjamin Netanjahu. Israel huet all Import vu Stroum, Brennstoff a Wuere Richtung Gazasträif gestoppt.
Wei konnt Israel esou iwwerrascht ginn?
Dat ass d‘Fro, déi zanter gëschter gestallt gëtt. Ee Spriecher vun der Hamas sot an engem Interview mat der BBC, datt d‘Organisatioun déi direkt Ënnerstëtzung vum Iran hätt. D‘Hamas gëtt vun der EU, den USA an och Israel als Terrororganisatioun agestuuft.
Och am Westjordanland gouf et gëschter Gewalt. Bei Zesummestéiss mat der israeelescher Arméi sinn op d‘mannst sechs Palestinenser ëmkomm. Israel wier awer och aus dem Libanon eraus beschoss ginn, gëtt de Moie gemellt.
International komme massiv Appeller, d‘Eskalatioun ze stoppen: vun den USA an der EU ënner anerem, Russland a China hunn u béid Säiten appelléiert, sech zréckzehalen, an eng Waffepaus anzehalen, iwwerdeems den Iran déi palestinensesch Offensiv begréisst huet.