Radioen

On air

Notturno  |  Dougie Poole - Beth David Cemetary

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hollywood: Streik ass offiziell eriwwer

Schauspillergewerkschaft fënnt een Accord

Hollywood: Streik ass offiziell eriwwer

Zu Hollywood ass de Streik vun de Schauspillergewerkschaften elo offiziell eriwwer. Méintelaang war sou gutt wéi guer net un neie Film- a Serieprojete geschafft ginn.

auto_stories

1 min

Hollywood | © Andreas Praefcke / Wikimedia Commons
Foto: Andreas Praefcke / Wikimedia Commons

Elo huet d‘Schauspillergewerkschaft een neie Vertrag mat de Filmproduktiounshaiser ratifizéiert. Dora si Mindestléin a besser Versécherungskonditiounen enthalen.

Fir d‘Filmfans bedeit dat, datt si 2024 rëm mat enger Rei neie Filmer kënne rechnen, déi dëst Joer wéinst dem Streik net erauskomm sinn.