Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Dréibuch-Auteure kënnen nees schaffen

Hollywood

Dréibuch-Auteure kënnen nees schaffen

Si hu fënnef Méint laang gestreikt: Elo kënnen d‘Dréibuch-Auteuren zu Hollywood nees schaffen. Hir Gewerkschaft huet e virleefegen Accord mat de grousse Studioen a Streaming Servicer ugeholl.

auto_stories

1 min

An deem neien Aarbechtsvertrag sinn ënner anerem méi héich Remuneratioune virgesinn, a Reegele fir den Asaz vu kënschtlecher Intelligenz. Fir definitiv ratifizéiert ze gi mussen d‘nächst Woch nach déi ronn 11.000 Membere vun der Gewerkschaft iwwert den Accord ofstëmmen.

Den Aarbechtskampf zu Hollywood ass awer nach net eriwwer: Déi ronn 160.000 Schauspillerinnen a Schauspiller si weider am Streik. Si haten sech am Summer dem Streik vun de Zeenaristen ugeschloss. A bis elo gouf et kéng Verhandlungen tëscht hirer Gewerkschaft an de Produzenten.

Wéinst deem duebele Streik konnten zu Hollywood zanter Mëtt Juli praktesch kéng nei Filmer Serië gedréint ginn.