D‘Drogen, mat engem Verkafswäert vu ronn 90 Milliounen Euro, wiere bei enger regulärer Kontroll an engem Container mat Banannen aus dem Ecuador fonnt ginn. D‘Friichte sollten an d‘Ukrain transportéiert ginn. Weder d‘Importgesellschaft an Holland nach d‘Ukrain hätten awer wuel mam Schmuggel ze dinn. D‘Droge goufen an Tëscht vernicht. Emmer nees ginn am Hafen zu Rotterdam gréisser Quantitéiten Droge fonnt, déi gréissten iwwerhaapt am August. Deemols haten d‘Douanieren 8 Tonne Kokain am Wäert vu ronn 600 Millioune fonnt. Den Hafen ass ee vun den Haaptimporthafe fir Kokain an Europa.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ Hollännesch Police konfiszéiert 1,2 Tonne Kokain am Hafe vu Rotterdam
Kampf géint Kriminalitéit
Hollännesch Police konfiszéiert 1,2 Tonne Kokain am Hafe vu Rotterdam
Déi hollännesch Douane huet am Hafe vu Rotterdam bal 1,2 Tonne Kokain séchergestallt. Dat huet den hollännesche Parquet de Muere matgedeelt.
auto_stories
1 min
Kokain (Foto: picture alliance/dpa | Oliver Berg)