Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Hoffnungen op eng nei Waffepaus - Hamas-Chef gëtt zu Kairo erwaart 

Noen Osten

Hoffnungen op eng nei Waffepaus - Hamas-Chef gëtt zu Kairo erwaart 

Am Noen Oste kënnegt sech eng eventuell nei Waffepaus tëscht Israel an der Hamas un. Den israeelesche President Jitzchak Herzog sot gëschter, säi Land wier bereet fir d‘Kämpf nach emol ze stoppen, fir dass weider Geisele kënne fräi gelooss ginn.

auto_stories

1 min

© picture alliance / dpa | Abed Rahim Khatib
(Foto: picture alliance / dpa | Abed Rahim Khatib)

Bei de Verhandlunge mat der Hamas hätt Israel elo eng weider Waffepaus vun op d’mannst enger Woch ugebueden, ënnert der Konditioun, datt d‘Hamas op d’mannst dräi Dose weider Geisele fräiléisst, esou den amerikaneschen Noriichteportal Axios.

Am UNO Weltsécherheetsrot gouf iwwerdeems ee Vott iwwer eng Resolutioun fir ee Waffestëllstand an der Gazasträif ze fuerderen op en neits op Wonsch vun den USA verluecht. Dat wéinst Oneenegkeeten iwwer d‘Formulatioun vum Text.

Den Hamas Chef, Ismail Haniyeh, gëtt haut iwwerdeems zu Kairo an Ägypten erwaart fir iwwer eng nei Waffepaus ze verhandelen. Dëst stäerkt d'Hoffnungen op eng Waffepaus.