arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Historesche Vott an der Chamber iwwer d'Verankere vun Ofdreiwung an der Verfassung

National

|
headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Historesche Vott an der Chamber iwwer d'Verankere vun Ofdreiwung an der Verfassung

Lëtzebuerg kéint nieft Frankräich dat drëtt Land op der Welt ginn, dat d'Ofdreiwung an d'Verfassung ophëlt. Haut de Mëtteg gëtt an der Chamber doriwwer ofgestëmmt, ob d'Fräiheet fir ofzedreiwen an der Verfassung soll verankert ginn. Dofir si 40 vun de 60 Stëmmen néideg.

headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Protestmanif zu L.A. fir d'Recht op Ofdreiwung  | © Bigstock
Protestmanif zu L.A. fir d'Recht op Ofdreiwung (Foto: Bigstock )

De Vott haut geet zeréck op eng Proposition de révision vum Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum.

Aschreiwung an d'Verfassung ännert näischt u Konditiounen

Stand elo gëtt hei am Land d’Ofdreiwung duerch d’Gesetz vun 2014 gereegelt. Dat gesäit vir, datt Frae bis déi 12. Schwangerschaftswoch ofdreiwen dierfen. No dësem Delai ass eng Ofdreiwung nëmmen a ganz bestëmmte Fäll méiglech.

Mat der Aschreiwung an d’Verfassung ännert sech prinzipiell un dëse Konditioune fir en Avortement näischt. Et geet hei dorëm, datt dëst Recht och an Zukunft net esou einfach ka gekippt ginn. Well et fir eng Verfassungsännerung op d’mannst eng Zweedrëttel-Majoritéit brauch, wärend et fir eng Gesetzesännerung nëmmen eng einfach Majoritéit brauch.

D'Selbstbestëmmungsrecht vun der Fra ëmmer nees a Fro gestallt

De Lénken-Deputéierte Marc Baum, vun deem d’Propos koum fir d’Ofdreiwung an d’Verfassung anzeschreiwen, sot an der zoustänneger Chamberkommissioun, datt dat besonnesch an dësen Zäite wichteg wier. D'Selbstbestëmmungsrecht vun der Fra ass op der Welt ëmmer nees a Fro gestallt.

 "A Beispiller, notamment bis Polen an d'USA weisen et, wou ëmmer geduecht ginn ass, datt den IVG de Status vun engem iwwergeuerdente Recht wier an dat awer gekippt ginn ass.”

Fraktiounszwang gouf fir de Vott opgehuewen

De Sujet huet fir Diskussiounen an Oneenegkeete gesuergt. Aus dem vum Marc Baum ursprénglech proposéierte "Recht" op Ofdreiwung ass eng "Fräiheet" fir ofzedreiwe ginn.

Zwar hu sech souwuel d’CSV wéi och d’DP-Presidence prinzipiell fir e Verankere vun der Ofdreiwung an der Verfassung ausgeschwat, well et sech ëm eng gréisser eethesch Fro handele géif, hunn CSV an DP de Fraktiounszwang bei dësem Vott opgehuewen. Als éischte Majoritéitsdeputéierten hat de Gérard Schockmel vun der DP sech kloer dogéint positionéiert.

 "Ech mengen d'Ofdreiwung ass eigentlech am Konflikt mam Recht op Liewen."

Trotzdeem géif d’Propos a senger Partei "largement ënnerstëtzt ginn", esou den DP-Fraktiounspresident Gilles Baum virum Vott op Nofro hin.

Gréissert Evenement virun der Chamber

Bei der CSV wäert et Stand elo zu zwou Enthalunge kommen, huet den CSV-Fraktiounspresident Laurent Zeimet op eis Nofro hi confirméiert. 

Nieft de Majoritéitsparteien hu bis op d’ADR all aner Parteie sech scho kloer dofir positionéiert. Och zivilgesellschaftlech Organisatiounen ënner anerem de Planning Familial, d’Mënscherechtskommissioun CCDH stinn hanner der Propos. Och wa si d’Formulatioun vum "Recht" op Ofdreiwung favoriséiert hätten. An och de Staatsrot huet e positiven Avis dozou ofginn.

déi Lénk an de Planning Familial plangen ee gréissert Evenement wärend dem Vott, mat ënner anerem engem Public viewing virun der Chamber.

*An enger fréierer Versioun vum Artikel huet et geheescht, Lëtzebuerg kéint dat zweet Land op der Welt sinn, dat Ofdreiwung an d'Verfassung ophëlt. Richteg ass, datt nieft Frankräich och Slowenien d'Recht an der Verfassung stoen huet. Wärend et a Frankräich ee Recht op Ofdreiwung ass, ass et a Slowenien ee Recht, fir fräi iwwer d'Entscheedung vun enger Gebuert kënnen ze entscheeden. 

play_arrow Lauschteren