Radioen

On air

De Weekend  |  Dayglow - Close To You

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Historesch Motioun géint Chef vum US-Representantenhaus

USA

Historesch Motioun géint Chef vum US-Representantenhaus

De Chef vumamerikanesche Representantenhaus Kevin McCarthy kämpft ëm säi politeschtLiewen. Säi Parteikolleeg Matt Gaetz, vum äerzkonservative republikanescheBord, huet eng Motioun deposéiert fir de McCarthy vu sengem Amt ze entbannen.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Consolidated News Photos | Annabelle Gordon - CNP
(Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Annabelle Gordon - CNP)

Hannergrond ass de Sträit iwwert de Budget. De Kevin McCarthy hat um Weekend mat den Demokrate fir en Iwwergangsbudget gestëmmt mat deem e Shutdown vun der Regierung am leschte Moment konnt verhënnert ginn. 

D‘Motioun géint de Kevin McCarthy ass historesch, nach ni gouf e Chef vum Representantenhaus op dës Manéier ofgesat. Fir hien ofzewielen, misst awer eng Majoritéit am Representantenhaus géint hie stëmmen. Et ass och nach net sécher, ob et iwwerhaapt zu engem Vott kënnt.