Den Observatoire hieft d‘Hëtztwell am Mee ervir. Déi wier an Europa extreem fréi komm. Mee, betount Copernicus, esou Konditioune wieren elo éischter d‘Normalitéit wéi d‘Ausnam, a wéinst der Klimaerwiermung, déi vu Mënsche verursaacht gëtt, misst ee besonnesch och an Europa dovun ausgoen, datt extreem Wiederkonditiounen ëmmer méi heefeg ginn.
arrow_back_ios
search
Klimaerwiermung
|Hëtztwelle gi wéinst dem Klimawandel ëmmer méi zur Normalitéit
Hëtztwellen an aner extreem Wiederkonditioune ginn zu enger Normalitéit, warnt den europäesche Klima-Observatoire Copernicus an engem neie Rapport, deen haut verëffentlecht gouf. De Mount Mee wier weltwäit deen zweetwäermste jeemools gewiescht, nom Mee 2024, esou Copernicus.
(Foto: Bigstock)