Dofir war och op ville Plazen, ënner anerem zu Paräis, d’Decisioun getraff ginn, datt keen Alkohol an de Stroossen dierf verkaaft ginn. Och wann dat nëmme schwéier ëmsetzbar war.
Op verschiddene Plaze gouf d’Fête de la Musique dann och direkt ganz ofgesot wéinst der Hëtzt. Gëschter war et dee wäermste Juni-Dag vun allen Zäiten.
Haut da kéint de wäermsten Dag iwwerhaapt ginn zënter a Frankräich d’Temperature gemooss ginn.
Schlëmmst Canicule zënter 2003
Op iwwer 42 Grad wäert den Thermometer haut plazeweis klammen. Dofir goufen 49 Departementer ënner déi héchst Warnstuf gestallt, 14 weider Departementer stinn ënner der zweethéchster Warnstuf. Insgesamt betrëfft dat 90 Prozent vun der franséischer Populatioun.
Well vill Schoulen net op dës Temperaturen agestallt sinn an d’Gebaier net adequat isoléiert a gekillt sinn, huet den Educatiounsminister gëschter annoncéiert, datt iwwer 800 Schoulen haut zoubleiwen, eng weider 1.800 wäerten nëmme reduzéiert Unterrecht halen.
De Wirtschaftsminister Roland Lescure war Invité vun LCI a sot am Interview, et misst een d’Schoulgebaier klimagerecht sanéieren an equipéieren.
Et ass déi schlëmmst Canicule zënter 2003. Gëschter sinn op d'mannst dräi eeler Persounen am Südweste vum Land un de Suite vun der Hëtzt gestuerwen. Mat engem Enn vun der Canicule ass wuel eréischt nächst Woch ze rechnen.