arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Helsinki mellt null Verkéiersdoudeger am Joer 2024

Mobilitéit

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Helsinki mellt null Verkéiersdoudeger am Joer 2024

An der finnescher Haaptstad Helsinki ass zejoert kee Mënsch am Stroosseverkéier gestuerwen. Haaptgrond ass d'Vitesslimitatioun vun 30 Kilometer an der Stonn a groussen Deeler vun Helsinki. 

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Bigstock
(Foto: Bigstock)

Zënter dem Juli zejoert hätt et zu Helsinki keen déidlecht Verkéiersaccident méi ginn. Dat melle finnesch Medie mat Verweis op Police an Offizieller. De Verkéiersexperten no hätten e puer Facteuren dozou bäigedroen. Den Haaptgrond awer wier, datt d'Vitess op méi wéi der Hallschent vun alle Stroossen zu Helsinki op 30 Kilometer an der Stonn limitéiert ass.

Vitesslimitatiounen hunn e kloren Impakt

A genee déi Vitesslimitatiounen zum Beispill a Wunnengsgéigenden hunn e kloren Impakt. Ëm bal 30 Prozent wieren d'Blessure bei Automobilisten am Stroosseverkéier zeréckgaangen, esou de Roni Utriainen, Verkéiersingenieur vun der Stad Helsinki bei engem Virtrag. Bei de Foussgänger wieren et souguer méi wéi 30 Prozent a  bei de Vëlosfuerer bal 40 Prozent manner Blesséierter. 

Nieft de Vitesslimitatioune setzt déi finnesch Haaptstad och op den Ausbau vu Vëlosweeër. 

Op ville Plazen zu Helsinki goufen d’Stroossen och duerch dat gezielte Planze vu Beem méi enk gemaach. D’Iddi hannendrun ass, datt komplex urban Amenagementer d’Chaufferen dozou zwéngen, méi duuss a Wunngéigenden ze fueren.

Ronderëm Schoule just nach Tempo 30

Fir dat neit Schouljoer huet d’Stad Helsinki elo och decidéiert, datt op alle Stroossen an der Géigend vu Schoulen nach just Tempo 30 erlaabt ass.

Och wann d’Zuel vun den Accidenter mat Doudegen an der EU 2024 ëm 3 Prozent zeréckgaangen ass, bleiwen déidlech Accidenter e Problem an der EU. 2023 goufen et an den europäesche Stied iwwer 7.800 Doudege bei Accidenter am Stroosseverkéier. 

 

play_arrow Lauschteren