arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EVP wëllt den EU-Verbrenner-Verbuet fir 2035 iwwerschaffen

Positiounspabeier

|
headphones

1 min

EVP wëllt den EU-Verbrenner-Verbuet fir 2035 iwwerschaffen

Déi gréisst Fraktioun am EU-Parlament, déi europäesch Vollekspartei EVP, wëllt dee geplangte Verbuet vun de Verbrennungsmotoren deelweis ophiewen. Dat geet aus engem Positiounspabeier ervir, dat der Noriichtenagence Reuters virläit.

headphones

1 min

Dora plaidéiert d'EVP, dee geplangte Verbuet vun 2035 u vun neien Autoe mat Verbrennungsmotoren opzehiewen. Amplaz sollen Autoe mat Verbrennungsmotoren, déi mat sougenanntem Bio- oder alternativem Sprit lafen, och no deem Datum weider kënne verkaf ginn, esou d'EVP.

Hire Positiounspabeier soll haut publizéiert ginn.