Radioen

On air

Fiasko Fest  |  02E10 Mir scheiteren ëmmer nach: Paul Galles a Jill Crovisier

play_arrow Live
search

/ "Hëllef um Terrain" zitt een éischte Bilan

Zënter engem Mount operationell

"Hëllef um Terrain" zitt een éischte Bilan

"Hëllef um Terrain“, kuerz HUT, behaapt vu sech selwer, gutt ënnerwee ze sinn: "Sur de bons rails" ass e Communiqué getitelt, dee si um Freideg publizéiert hunn. Hei zitt d‘Struktur, déi d’Aktivitéite vun der Caritas iwwerholl huet, ee Mount duerno een éischten Tëschebilan.

auto_stories

1 min

HUT | © Eric Ewald

Vun der Flüchtlingshëllef an der Ënnerstëtzung fir Leit an Nout iwwer d’sozial Epicerië bis bei d’Wanteraktioun: Iwwerall wier HUT operationell a mat derbäi. Finanziell kéim och elo Ënnerstëtzung vun der Fondatioun André Losch, preziséiert de Communiqué.

Si géifen och nei Leit rekrutéieren. Et wiere méi ewéi 10 Posten ausgeschriwwen. Gesicht ginn haaptsächlech Assistant-sociallen an Educateuren, awer net nëmmen.