Radioen

On air

9 bis 1  |  Communicaution - Make No Sound

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Affär Caritas: Luc Frieden kritt "politesch Keelt" virgehäit

Chamber

Affär Caritas: Luc Frieden kritt "politesch Keelt" virgehäit

D’Oppositioun huet d’Regierung fir hiert Virgoen am Dossier Caritas an enger Aktualitéitsstonn gëschter um Donneschdeg an der Chamber schaarf kritiséiert. Eng Kritik, déi d’Majoritéitsparteien an de Premier awer sou net gëlle gelooss hunn.

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: Chambre des députés

Fir de Luc Frieden hätt der Regierung hiert Zil erreecht, fir d’Caritas-Aktivitéite weiderzeféieren. A Froen, déi nach opstéingen, wiere fir d’Justiz a fir d’Bankenopsiicht, esou d'Regierungsparteien.

D’Caritas hätt eng extraordinär Aarbecht geleescht, mee et wiere ganz grave Saachen do virgefall, huet de Premier betount. Ee Moment hätt de Krisecomité proposéiert, fir déi nei Entitéit “Hëllef um Terrain” ze schafen. Et misst ee Respekt dofir hunn. Den ugekënnegte Prêt vum Stat fir d’Caritas géif spéitstens ufanks d’nächst Woch fléissen, sou de Luc Frieden.

Sven Clement: Net all ONG an een Dëppe geheien

Déi gréng haten déi Aktualitéitsstonn ugefrot an direkt um Ufank huet d’Djuna Bernard erkläert, de Premier hätt politesch Keelt bewisen, wéi hien Häerz hätt misse weisen. Si huet op d’Ausso vum Luc Frieden ugespillt, deen ënnert anerem gesot hat, d’Caritas krit kee Su méi vum Stat. Déi nei Entitéit HUT hätt dogéint e risege Vertrauensvirschoss kritt, ouni Garantien. D’Deputéiert vun déi gréng wënscht sech fir d’Zukunft ënner anerem “e besseren Dialog mam associative Secteur a Formatioune ronderëm d’good governance.”

An den Ae vum Taina Bofferding hätt de Premier mat senger Ausso e falscht Signal un de Sozialsecteur geschéckt.

“Wann Dir bedru gitt, loosse mir Iech falen. Och hei huet d’Regierung e Choix getraff an huet sech net offensiv hannert de Secteur gestallt.”

Frou sot sech d’LSAP-Fraktiounscheffin doriwwer, datt eng Resolutioun, déi d’Asetze vun enger Spezialkommissioun fuerdert, vun all de Fraktiounen ënnerschriwwe gouf.

Virum Hannergrond vun engem vun den “gréisste Skandaler an der Geschicht vum Land”, wëll de Sven Clement vun de Piraten net all ONG ënner Generalverdacht gesinn.

“Déi meescht maachen eng excellent Aarbecht a verdéngen eis Ënnerstëtzung.”

Carole Hartmann: Regierung huet vill gemaach

Grad wéi de Marc Spautz vun der CSV sot sech och d’Carole Hartmann iwwerrascht iwwert d’Djuna Bernard. An der éischter Chamberkommissioun zur Caritas wier där hir éischt Fro nämlech gewiescht, wien d’Aktivitéite vun der Caritas iwwerhuele kéint.

"Dat heescht, mir sinn awer elo op eemol an enger anerer Diskussioun.”

Si géif ronn 3 Méint nom Bekanntgi vun der Verontreiung e positive Bilan zéien, huet d’DP-Deputéiert fonnt. Et wier vill vun der Regierung gemaach ginn, soudatt si d’Kritik vun deene Gréngen net sou kéint stoe loossen.

Lauschterenplay_arrow