Radioen

On air

Notturno  |  Tara Clerkin Trio - The Turning Ground

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ LSAP fuerdert weiderhin ëffentlech Iwwerdroung vun der Chamberkommissioun

Caritas-Bedruchsaffär

LSAP fuerdert weiderhin ëffentlech Iwwerdroung vun der Chamberkommissioun

D‘LSAP-Fraktioun fuerdert weiderhin, datt déi gemeinsam Chamberkommissioun iwwert d‘Caritas-Bedruchsaffär d‘nächst Woch soll ëffentlech iwwerdroe ginn. Fënnef Ministeren informéieren d’Deputéierten aus sechs Chamberkommissiounen do iwwert den neie Stand am Dossier.

auto_stories

1 min

Chamber Livestream | © Chambre des députés
Foto: Chambre des députés

D‘Majoritéits-Parteien CSV an DP, grad ewéi d‘Oppositiounspartei ADR, si géint eng ëffentlech Diffusioun. De Public, d‘Press an d‘Leit, déi der Caritas Sue gespent hunn, hätten e Recht dorop Detailer aus éischter Hand gewuer ze ginn, heescht et an engem Schreiwes vun der LSAP.

Informatiounen, déi net fir de Grand Public sinn, kéinten ëmmer nach am Huis Clos beschwat ginn, esou d'LSAP.

Wärend der Testphas ass nëmme fir verschidde Chamberkommissiounen ee Livestream virgesinn. Gemeinsam Sitzunge mat anere Kommissioune sinn nëmmen dann ëffentlech, wann d’Kommissiounsmemberen hir Zoustëmmung ginn.