Zënter enger Woch ass d’Netty Klein déi nei Presidentin vun Hëllef um Terrain, kuerz HUT. Si huet dee Poste vun der Claudia Monti iwwerholl, souz awer scho vun Ufank un am Verwaltungsrot vum Caritas-Nofollger.
Et gouf deemno op Kontinuitéit a Stabilitéit gesat, wéi d’Netty Klein am 100,7-Interview erkläert.
“Et wëllt een net all 7 oder 8 Méint de President wiesselen. Dofir hunn ech dee Posten ugeholl, mat der Iddi, datt déi ganz Ekipp méi wéi 7 oder 8 Méint bleift.”
HUT huet virun engem gudde Joer d’Aktivitéite vun der Caritas iwwerholl, an och een Deel vum Personal. D’Organisatioun stécht also nach an de Kannerschung. Et wéilt een d’Aktivitéite laangfristeg weider ausbauen, seet d’Netty Klein. Dofir war et och wichteg, datt een d’Partner vun der Caritas behalen an och mat de Ministèren nees Konventiounen ënnerschreiwe konnt.
Keng Fonds-propre
Hëllef um Terrain zielt aktuell 377 Mataarbechter:innen. Et wëllt een och weider astellen, leet de Fokus awer op Stabilitéit, an net op extreeme Wuesstem, wéi déi nei Presidentin betount.
Wat d’Personal an der Administratioun ugeet, do ass d’Situatioun e bësse méi komplizéiert, seet d’Netty Klein. Duerch d’Konventioune mam Staat gëtt nämlech just d’Personal um Terrain bezuelt, net awer d’Administratioun. Dëst wier awer een allgemenge Problem am soziale Secteur, mierkt d’HUT-Presidentin un.
Aktuell wier een dofir op Donen ugewisen. Fonds-propre wieren inexistent.
“Dat ass e groussen Ënnerscheed par rapport zu anere Prestatairen am Secteur, déi et scho méi laang gëtt, wou deelweis Fonds-propre do sinn.”
Optimistesch wat d'Donen ugeet
No der Caritas-Affär ass et zu engem Abroch bei den Done komm. An Tëschenzäit wier een awer nees positiv gestëmmt, seet d’Netty Klein. Et hätt een 1.500 verschidden Donateuren. 2025 huet een 360.000 Euro un Donen erakritt. Dëst geet awer net duer, fir déi administrativ Käschten ze decken.
Aktuell ass d’HUT ASBL op zwee verschidde Standuerter verdeelt: Een op der Gare an een zu Bartreng. Dat wäert sech awer Enn Abrëll änneren, wann d’ASBL zu Leideleng nei Lokaler bezitt. D’Netty Klein erhofft sech doduerch och eng Verbesserung vun der interner Kommunikatioun.
Dëst Joer soll dann zu Beetebuerg nach ee Foyer pour des enfants non-accompagnés opgemaach ginn.