Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Héich Zënstauxe bleiwen eng Belaaschtung fir d'Betriber

STATEC

Héich Zënstauxe bleiwen eng Belaaschtung fir d'Betriber

Déi héich Zënstauxe géifen d‘Betriber hei am Land staark belaaschten. Dat stellt de Statec am neie Konjunktur-Flash fest. An dat hätt och en Impakt op d‘Kreditoffer an d‘Investissementer.

auto_stories

1 min

Dat bedeit konkret, datt och ufanks 2024 manner Kreditter ugefrot ginn an deemno och manner Investissementer gemaach ginn.

Trotz der moderater Zënsbaisse vun der europäescher Zentralbank géifen d‘Konditioune fir d‘Betriber extrem schwiereg bleiwen. D‘Betriber zu Lëtzebuerg hätten tëscht 2021 an 23 bal zwou Milliarden Euro Zënse bezuelt. Dat wier eng Hausse vun 62 Prozent.

D‘Zënse géifen domat méi wéi een Drëttel vun hirem Brutto-Iwwerschoss ausmaachen.