De Bësch géif duerch Klimawandel an déi extrem héich Konzentratioun u Wëld leiden, Neiuplanzunge géifen einfach ewech gefriess ginn. D’Juegd misst dofir ënnerstëtzt ginn an d’Juegdgesetz reforméiert ginn, allerdéngs missten och d’Jeeër ugehale ginn hier Ofschossquoten anzehalen, betount de Roger Schauls vum Mouvement écologique:
"Mir hunn do eng ganz Partie vun, Proposen ausgeschafft, ënner anerem ass et lo esou, datt mir erwaarden, datt lo déi nei Regierungskoalitioun, wa se sech, opstellt, datt déi lo entspriechend Mesuren hëlt, fir bëssen den Drock op Jeeër ze erhéije, fir datt déi eigentlech hirer Aarbecht, besser noginn. Dat wier zum Beispill, datt, och d'Jueg-Indikator, loosse mer soen, sollen op geruff ginn, fir wann de Jeeër net seng, Quoten erfëllt, wann zum Beispill ze vill Schued am Bësch ass, datt dee Moment eventuell déi, Parte géifen, resiliéiert ginn."