Am Kader vum Aktiounsplang fir Önotourismus – ronderëm de Wäin - dee gëschter um Donneschdeg presentéiert gouf, sinn dowéinst eng Rei Mesuren an deem Beräich virgesinn.
Fir den Trail brauch et Schlofplazen
Eng Optioun solle kleng Haisercher sinn, déi op Vëlos- a Wanderweeër sollen installéiert ginn, wou Touriste kéinten d’Nuecht verbréngen, erkläert de Gilles Estgen. Dee Projet wier, dank enger Leader-Initiativ, scho ganz konkret. Zesumme mat der OAI géif een elo een Opruff starten, esou de Gilles Estgen.
“Wou einfach Plaze sollen ausgewise ginn - al Scheiere vu Privatleit, Wënzer, awer och vu Gemengen - hei do hu mer amfong nach en Terrain, do kéint een eppes opriichten."
Dee Concours, d'Selektioun an d'Realisatioun bräichten natierlech Zäit.
"Mir hunn awer aner Saachen, déi amfong relativ schnell kënnen ëmgesat ginn. Ech denken do zum Beispill un de Muselhike."
Beim Muselhike, oder Wine&Hike, wéi en am Aktiounsplang genannt gëtt, geet et ëm een Trail deen tëschent Schengen a Waasserbëlleg interessant Punkte matenee verbanne soll, wou och de Wäin eng Roll soll spillen. Vue datt et do scho vill Wanderweeër ginn, misst een déi Mesure relativ séier ëmsetze kënnen, esou de Gilles Estgen.
De ganzen Interview kënnt Dir hei