arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gemeng Schengen misst Architekt Valentiny 180.000 Euro Schuedenersatz bezuelen

Lokales

|
headphones

1 min

Gemeng Schengen misst Architekt Valentiny 180.000 Euro Schuedenersatz bezuelen

D‘Zivilgeriicht hätt dat an éischter Instanz entscheet, mellt d‘Luxemburger Wort. D‘Gemeng Schengen kann nach an Appell goen an ass net un d‘Urteel gebonnen.

headphones

1 min

D‘Gemeng hat den Architektebüro domat beoptraagt ee Schoulcampus ze plangen, d‘Verträg awer du wéinst engem Mangel u Vertraue gekënnegt. De François Valentiny ass dowéinst virun d‘Bezierksgeriicht gaangen an hat iwwer eng Millioun Euro Schuedenersatz gefrot. 

Deem hunn d‘Riichter deemno awer net Rechnung gedroen. Si hunn dem Architekt awer Recht ginn, datt ee Manktem u Vertrauen eleng keng Justifikatioun wier fir ee Vertrag opzeléisen. De François Valentiny hat och nach Schuedenersatz wéinst Imageschued gefrot. Dat hätten d‘Riichter awer ofgewisen, esou nach d‘Wort.

D‘Gemeng Schengen kann nach an Appell goen an ass net un d‘Urteel gebonnen. Ob se dat géif maachen, wier nach net entscheet, esou d‘Tageblatt.