Radioen

On air

Spektrum  |  Zach Bryan - Sandpaper Feat. Bruce Springsteen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Haut fänkt de Kollektivcongé un

Fir 3 Wochen

Haut fänkt de Kollektivcongé un

Op deene meeschte Chantieren am Land gëtt an den nächste gutt dräi Wochen net geschafft. Fir de Bausecteur fänkt haut de Kollektivcongé un, dee bis den 18. August mat dauert. Wéi all Joer ginn et awer eng Rei Ausnamen. Trotz Congé collectif dierf op enger Partie Chantiere viru geschafft ginn. D’ITM, d’Douane an d’Police wäerte Kontrolle maachen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: picture alliance / Daniel Kubirski | Daniel Kubirski

Vun den 149 Demanden dëst Joer fir virun däerfen ze schaffen, goufen der fir 118 Chantieren accordéiert, seet den Direkter vun der Gewerbeinspektioun, de Marco Boly.

"Eng vun den Aarbechten, déi d’ITM wärend dem Congé collectif huet, dat ass jo net nëmmen ze kontrolléieren, datt déi Derogatiounen agehale ginn, mee ob iwwerhaapt de Congé collectif agehale gëtt."

Dofir géif d‘ITM am ganze Land Kontrollen duerchféieren an déi Betriber stoppen, déi sech net un d‘Reegelen halen.

Zu de Chantieren, op deenen an den nächste Woche virun dierf geschafft ginn, gehéieren déi an de Schoulen, mee och déi a grousse Produktiounsbetriber, wéi Arcelor Mittal oder Dupont de Nemours.

Grouss Produktiounsbetriber dierfe viru schaffen

Den Ausbau vun der Tram ass dëst Joer kee vun de Chantieren, op deenen am Kolletivcongé viru geschafft gëtt, erkläert den Direkter vun der ITM.

"Mee generell ass den Tram kee Projet d’urgence wou elo partout muss geschafft ginn. Wat awer net wëllt heeschen, datt net mol déi eng oder aner Interventioun muss gemaach ginn."

Bei den 118 Chantieren, op deenen am Kollektivcongé virun dierf geschafft ginn, géif et keng Limitt vu Beschäftegte ginn, déi do an den nächst Wochen däerfen aktiv sinn, esou nach den Direkter vun der Gewerbeinspektioun.

Lauschterenplay_arrow