Radioen

On air

Spektrum  |  The Drin - Elude The Torch

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Maison du Luxembourg op den Olympesche Spiller

Lëtzebuerg besser kenne léieren

D'Maison du Luxembourg op den Olympesche Spiller

Vun haut un a bis den 11. August steet Paräis ganz am Zeeche vun den Olympesche Spiller. 13 Athleeten an Athleetinne si fir Lëtzebuerg dobäi. Eng éischte Kéier ass de Grand-Duché awer och mat engem speziellen Haus vertrueden. An der Maison du Luxembourg sollen d'Visiteuren en Abléck an d'Lëtzebuerger Sportgeschicht kréien an d'Land besser kenneléieren. Och prominente Besuch gëtt hei laanscht d'Seine erwaart.

auto_stories

4 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Marcus Brandt

Um Mëttwochmoie gläicht d'Maison du Luxembourg nach éischter engem Chantier du Luxembourg, nëmmen zwee Deeg huet d'Ekipp Zäit fir hei am Rugbystadion Jean Bouin opzebauen. Tëschent dem Paräisser Prënzepark an dem Stade Roland-Garross entsteet den Treffpunkt vum Team Lëtzebuerg. Zesumme mat eisen däitschen Noperen an der Delegatioun aus Liechtenstein gëtt de Stadion an eng Fanzon ëmgewandelt, fir d'Kompetitiounen ze kucken. Fir d'Catherine Pastoret vum Sportsministère ass d'Maison du Luxembourg e ganz wichtege Moment an der nationaler Sportgeschicht.

"Et ass mat ganz vill Emotioun, datt mer hei stinn, well mir scho laang amgaang sinn, dat hei ze plangen. E bësse méi wéi ee Joer. Et ass een historesche Moment an der Lëtzebuerger Sportgeschicht: fir d'éischte Kéier am Kader vun den Olympesche Spiller hu mir esou een Haus."

No u Lëtzebuerg

Scho fir déi lescht Spiller zu Tokio haten de Sportsministère an den Olympesche Kommitee ee Pop-Up geplangt, wat awer wéinst der Pandemie net méiglech war. Datt d'Maison du Luxembourg elo zu Paräis hir Première feiert, huet awer och mam Standuert ze dinn.

"Dat hei huet sech natierlech ugebueden, sou no wéi Paräis u Lëtzebuerg ass, war dat natierlech eng Opportunitéit, déi mer wollten ergräifen an dofir sëtze mer lo haut hei."

Lëtzebuerg vermaarten an d'Olympiageschicht weisen

Networken, d'Spiller zesumme kucken an de Visiteure Lëtzebuerg e wéineg méi no bréngen - dat sinn der Catherine Pastoret no e puer vun den Ziler, déi ee mat dësem Projet envisagéiert. Et erwaart ee Besuch vu Lëtzebuerg, mee och aus dem Ausland. D'Visiteuren dierfe sech iwwerdeems op e puer Lëtzebuerger Athleeten an Athleetinne freeën.

"Mir hunn net nëmmen déi geholl, déi aktuell do sinn, mee mir sinn och immens frou e puer anciens 'Olympiensen' konnten ze motivéiere fir dobäi ze sinn, notamment de Kim Kirchen an de Fränk Schleck.”

Fir d'Lëtzebuerger Olympiageschicht ze presentéieren wäert et och eng Ausstellung ginn, wéi d'Responsabel Nadine Geisler erkläert.

"Véier verschidden TheEmen, zum Beispill de Grand-Duc a säi Rôle am Internationalen Olympesche Kommitee gëtt ervirgehuewen, Lëtzebuerger, déi eng Medail gewonnen hunn op den Olympesche Spiller, d'Evolutioun vun de Sportaarten - néi Sportaarte versus al Sportaarten - an ech fannen, mir hunn dat gutt hikritt, do e Gesamtiwwerbléck ze ginn."

Eng ëmfaassend Datebank gouf extra ugeluecht, déi ee mëttels engem Touchscreen kann opruffen an déi Donnéeën zu alleguer de Lëtzebuerger Sportler a Sportlerinne liwwert, déi jee un enger Olympiade deelgeholl hunn. Niewent dem Sport wäert awer och d'Lëtzebuerger Kultur net ze knapp kommen, national Acts wéi Maz Universe, de Läb an och Say Yes Dog wäerten niewent däitsche Stars ewéi Clueso oder Tim Bendzko am Stadion optrieden an d'Land da musikalesch representéieren.

Méi Informatiounen an Tickete kritt een ënner www.maisonduluxembourg.public.lu

Lauschterenplay_arrow

13 Lëtzebuerger Athleeten huelen un der Ouvertureszeremonie deel

Haut am Nomëtteg, respektiv fréien Owend geet et fir d'Lëtzebuerger Delegatioun bei den Olympesche Spiller zu Paräis mam Bus bis bei d'Seine an do op e Boot. Den Trajet um Waasser, duerno, am Kader vun der Ouvertureszeremonie soll ongeféier zwou an eng hallef Stonnen daueren, huet de Raymond Conzemius, Chef de mission zu Paräis, den Donneschdeg erkläert. Mam Boot geet et da bis bei den Trocadéro, an och do sinn nach emol zwou an eng hallef Stonne virgesinn.

"Vun Ufank ukomme bis zu erëm am Bus sëtze fir fort: Am Ganze wäerten dat fir d’Sportler 6, 7, vläicht 8 Stonnen, vläicht och e bësse méi, sinn, wou een dann effektiv ënnerwee ass fir deen Opening, wat awer eigentlech den Zäitplang ass, deen et och op viregten Olympesche Spiller gouf."

Bei der Ouvertureszeremonie ass Lëtzebuerg mat 13 Leit vertrueden, zu souvill also, wéi sech Sportler fir Paräis qualifizéiert hunn. De Fändel wäerten d'Dëschtennisspillerin Ni Xia Lian an de Liichtathleet Bob Bertemes droen; dat war gëschter bekannt ginn.

Den Donneschdeg war dann och schonn deen éischte Lëtzebuerger Sportler an der franséischer Haaptstad am Asaz: De Bouschéisser Pit Klein gouf an der Qualifikatioun vum Recurve dee 50. vu 64.