Radioen

On air

Moiesstudio  |  Chrëschtbeemercher fir Geessen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Haut ass de Mësstrauensvott géint déi franséisch Regierung

Frankräich

Haut ass de Mësstrauensvott géint déi franséisch Regierung

De Michel Barnier steet wéinst dem Gebrauch vum Artikel 49.3, mat deem hien de Budget ouni Vott duerchgesat huet, staark ënner Drock. D'Lénksallianz Nouveau Front Populaire an de rietsextreemen RN wëllen d'Regierung stierzen.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Mateusz Wlodarczyk
Foto: picture alliance / NurPhoto | Mateusz Wlodarczyk

Den Dënschdeg den Owend huet de Premier sech awer optimistesch gewisen. An engem Interview sot hien, hie géif dru gleewen, datt d’Deputéiert hir Verantwortung fir d'Populatioun a fir d'Land géifen iwwerhuelen an net einfach hien an d'Regierung ofwiele géifen. Sollt hien ofgewielt ginn, géif hie säin Amt net weiderféieren.

Och de President Emmanuel Macron huet d'Deputéiert dozou opgeruff, géint de Mësstrauensvott ze stëmmen.