Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Camille Schmidt - Your Game

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Härebësch: En neit Liewen nom Stuerm

10 Joer méi spéit

Härebësch: En neit Liewen nom Stuerm

Am Juli 2014 ass en zolidd Stuermdéif iwwer Lëtzebuerg ewech gezunn: mat bis zu 131 Kilometer an der Stonn huet de Wand och tëschent Käerch a Simmer geblosen an deemools de Härebësch schwéier getraff. De ronn 4 Quadratkilometer grousse Bësch huet duerno ausgesi wéi no engem Tornado. De Jacques Ganser war kucken, wéi de Bësch 10 Joer drop ausgesäit.

auto_stories

5 min

headphones

4 min

play_arrow
De Marc Parries war deemols Fierschter (Foto: Jaques Ganser)

Vum Bësch ass deemools net vill iwwreg bliwwen: Iwwerall geknéckten oder verdréinte Bichen an Eechen. De Marc Parries war deemools Fieschter. Eng 100 Hektar wieren zerstéiert ginn. Dorënner 40.000 Meterkibb Beem, déi ëmgefall oder zerstéiert gi sinn, erkläert hien.

D'Natur sech selwer regeneréiere loossen

Anescht wéi soss an dem Fall gouf deemools decidéiert Doudholz zum Deel leien ze loossen an op d’Eegeregeneratioun vun der Natur ze setzen. Een Zéngtel vun der Fläch wier net beréiert ginn. Och eng 4.000 bis 5.000 Meterkibb doudeg oder beschiedegt Beem wiere stoe gelooss ginn.

Et wollt een ewech vum Prinzip vum sougenannten Altersklassenwald wou noenee geplanzt, gepfleegt an da kal geschloe gëtt, genee wéi de Bauer et um Feld mécht. Dat Ëmdenken hat deemools scho virum Stuermevenement agesat. 

D'Iddi war scho virum Stuerm

D'Iddi wier gewiescht een Dauerwald ze hunn, mat Beem verschiddenen Alters. "Dat geet natierlech net op Knopfdruck", bemierkt de Marc Parries.

Geet een haut duerch den Härebësch, bitt sech engem e ganz anert Bild: Tëschent eenzele Riesebeem déi iwwerlieft hunn ass e richtegt Gestrëpp vu jonke Beem an Hecken entstanen. Déi grouss Beem goufe stoe gelooss fir Schied ze bidden an als Sombeem ze funktionéieren, erkläert de Fierschter.

Vereenzelt grouss Beem bidde Schied am Härebësch | © Jaques Ganser
Vereenzelt grouss Beem bidde Schied am Härebësch (Foto: Jaques Ganser)

Och Doudholz huet en Notzen

Duerch dëse System ass eng ganz räich Diversitéit u Planzen entstanen déi ganz gutt un des Platz ugepasst ass. 

"Do ass eng Zitterpappel, déi steet hei dran, dat ass eng typesch Aart fir esou Fläche wou vill Luucht op de Buedem kënnt, do steet eng Weed, do steet e Crataegus, e Wäissdar, dee gehéiert eigentlech éischter an d‘Strauchschicht ënnen drënner, dat gëtt ni e Bam. Mee fir d‘Biodiversitéit ass dat formidabel."

Och déi doudeg Beem offréieren nach Schutz an Naschtgeleeënheet fir Eilen, Spiechten oder Hornissen. D’Doudholz huet dergéint de Buedem och an dréchene Jore fiicht gehalen. 

Zersplittert Beem sinn Zeie vun deem wat geschitt ass

Dertëscht erënnere vereenzelt zersplittert Stämm un dat wat deemools geschitt ass:

"Hei war elo net de Proprietär vum Bësch deen dringend Sue gebraucht huet an dunn de Bësch ewech gehaen huet, mee hei war d‘Natur um Wierk an dat do sinn Témoinen."

Al zersplittert Beem sinn Zeie vun deem wat geschitt ass. | © Jaques Ganser
Al zersplittert Beem sinn Zeie vun deem wat geschitt ass. (Foto: Jaques Ganser)

Him wier et net Angscht ëm de Bësch, betount de Marc Parries. Deen hätt et ëmmer nees fäerdeg bruecht mat deem eens ze gi wat de Mënsch Katastroph nennt. Am Fall vum Härebësch wier de Stuerm leschten Enn souguer eng Beräicherung fir d’Natur gewiescht.

Et sollt een se zum Deel gewäerde loossen, an heiansdo e wéineg agräifen, wann eng Iwwerleeung derhannert stécht. "Jo, dat ass d‘Natur, dat ass de Bësch.", esou de Fierschter Marc Parries.

Lauschterenplay_arrow