Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Caroline Kingsbury - Alabama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Haiti: USA erhéijen hir Hëllef fir eng multinational Sécherheetsmissioun

Bandegewalt eskaléiert -

Haiti: USA erhéijen hir Hëllef fir eng multinational Sécherheetsmissioun

Well Haiti am Chaos ënnergeet wëllen d‘USA wëllen déi multinational Sécherheetsmissioun am Karibikstaat mat weideren 100 Milliounen Dollar ënnerstëtzen. Dat huet den amerikaneschen Ausseminister Antony Blinken op engem Meeting mat de Regierungscheffe vun der Karibik ugekënnegt. Derbäi kommen nach eemol 33 Milliounen Dollar fir humanitär Hëllef.

auto_stories

1 min

Antony Blinken | © picture alliance / NurPhoto | Matías Baglietto
Antony Blinken (Foto: picture alliance / NurPhoto | Matías Baglietto)

Den UN-Sécherheetsrot hat d‘Missioun schonn am Oktober autoriséiert, well kriminell Banden d‘Land an de Chaos geworf hunn. Diskutéiert gouf och iwwer ee Presidialcomité, deen d‘Land am interim kéint regéieren.

Kriminell Bande kontrolléiere bis zu 80 Prozent vum Territoire vun der Haaptstad Port-au-Prince. Den Iwwergangspremier Ariel Henry huet an Tëschenzäit demissionéiert. Hie war no enger Auslandsrees net méi a seng Heemecht zeréckgaangen.