search

/ Hacker-Attack: Date vun 1,2 Millioune franséische Bankkonte goufe geklaut

Frankräich

|
headphones

1 min

Hacker-Attack: Date vun 1,2 Millioune franséische Bankkonte goufe geklaut

D'Hacker hätten d‘Accès-Date vun engem Beamte geklaut a wieren domat an dat offiziellt Verzeechnes vun alle franséische Bankkonten erakomm, huet de franséische Wirtschaftsministère matgedeelt.

headphones

1 min

© picture alliance / Westend61 | Andrew Brookes
(Foto: picture alliance / Westend61 | Andrew Brookes)

Bei de betraffenen Date géif et sech ëm Kontosnummeren, Nimm, Adressen an an e puer Fäll Steier-Identifikatiounsnummere vun de Kontobesëtzer:innen handelen. 

D’Generaldirektioun fir ëffentlech Finanzen huet der AFP erkläert, Kontestänn hätten net gekuckt kënne ginn, an d’Hacker hätte keng Transaktioune kënne maachen. D‘Hackerattack huet dem Wirtschaftsministère no schon Enn Januar ugefaangen.

Et wieren direkt Mesuren an d’Weeër geleet ginn, fir ze verhënneren, datt nach méi Date kënne geklaut ginn. Déi betraffe Bankclientë sollen an den nächsten Deeg informéiert ginn.