875 Milliounen Euro huet d’Verméigenssteier op de Societéiten dem Staat zejoert u Recettë bruecht: No der Kollektivitéitssteier ass et déi zweet-wichtegst Steier, déi Betriber hei am Land bezuelen.
D’Verfassungsgeriicht bemängelt elo, datt déi minimal Verméigenssteier anescht berechent gëtt, och wa Societéiten an enger vergläichbarer Situatioun sinn. Datt Finanzparticipatiounsgesellschafte méi eng héich Minimalsteier bezuelen, ewéi aner Societéiten ass dem Arrêt vum 10. November no ee Verstouss géint de Prinzip vun der Gläicheet virum Gesetz.
Soulaang d’Gesetz net ännert, misst de Staat fir all Societéit jeeweils déi méi favorabel Besteierung applizéieren, heescht et am Urteel, dat am Prinzip direkt applicabel ass, esou de fréieren Direkter vun der Steierverwaltung Guy Heintz:
“De Prinzip war ëmmer esou, dass all déi Besteierungen, déi nach opstinn, dass déi mussen dem Urteel Rechnung droen.”
De Guy Heintz verweist drop, datt zwee Drëttel vun de Verméigenssteiere vu Finanzparticipatiounsgesellschaften, sougenannte SOPARFIen, bezuelt ginn. Der Zentralbank no kéim een Drëttel vun de gesamte Verméigenssteier-Recettë vu Societéiten, déi d’Minimalsteier bezuelen. Wann Dausende SOPARFIen manner Steiere musse bezuelen, hätt dat “gréisser Repercussiounen” op de Staatsbugdet, mengt de Guy Heintz:
“Ech wëll lo kee Chiffer nennen, well dat ëmmer ganz schwéier ass, sou vill ass dat Ausfall. Et hänkt jo elo och nach dovunner of, wéi d’Regierung reagéiert. Den neie Finanzminister, wéi hie lo mat deem Urteel ëmgeet. Ob e kuerzfristeg eppes mécht, wat den Déchet fiscal reduzéiert.”
Eng Reform vun der Verméigenssteier géif awer net einfach, gi wa se net méi dierf tëscht SOPARFIen an anere Societéiten diskriminéieren, mengt de fréieren Direkter vun der Steierverwaltung.
Déi minimal Verméigenssteier fir Finanzparticipatiounsgesellschafte war 2017 vu ronn 3.200 op ronn 4.800 Euro d’Joer erop gesat ginn.
De Finanzministère sot eis op Nofro hin, et wier een nach am Gaangen d’Urteel ze analyséieren.