Et wier eng “cibléiert” a “besonnesch sophistiquéiert” Cyberattack gewiescht, bei där d’Schwaachstell an enger standardiséierter Software-Komponent ausgenotzt gi wier.
Et hätt awer keng Intrusioun an déi intern Systemer vun der Post ginn, heescht et. Et wieren also keng Donnéeë geklaut ginn.
Nach net gewosst, wien hannert der Attack stécht
D’Attack hätt drop ofgezielt de Betrib ze stéieren. Bis ewell wier et nach net méiglech gewiescht den Ursprong oder den Täter vun der Attack ze identifizéieren.
D’Ermëttlungen an d’Analyse géife bis op Weideres zesumme mat den zoustännegen Instanze weidergeféiert gi fir erauszefannen, wien hannert de geziilten Attacke stécht.
Denonciatioun beim Parquet
Eng Denonciatioun beim Parquet géif grad preparéiert ginn.
D’Post weist nach drop hin, datt ee schonn um Mëttwochowend um 19:50 Auer (ronn 3,5 Stonnen nom Ufank vum Netzausfall) Géigemesuren an d’Weeër geleet hätt. Dës Moossnamen hätten d’Stabilitéit an d’Sécherheet vun den Déngschter garantéiert, esou nach d’Post.