Radioen

On air

Kultur um 5  |  “Superhero Pose” virun all Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gripp hat lescht Woch eng Hausse vun 163 %

Viruserkrankunge klammen

Gripp hat lescht Woch eng Hausse vun 163 %

D‘Zuel vun de Viruserkrankungen ass weider um Klammen. Wéi d‘Santé haut an hirem Wocherapport schreift, ass d‘Zuel vun de Covid19-Infektiounen d‘lescht Woch op 658 Fäll geklommen, eng Hausse vun 43 %.

auto_stories

1 min

Bei den RSV-Infektioune gouf et eng liicht Augmentatioun.

Bei der Gripp sinn d‘Infektiounen explodéiert: do gouf et eng Hausse vun 163 %. An Zuele goufen d‘lescht Woch 134 Influenza-Fäll gemellt, déi Woch virdru waren et 51 Fäll.

D‘Santé recommandéiert all Persoun iwwer 65 Joer a vulnerabel Persoune, sech géint Gripp a Covid19 impfen ze loossen.