Radioen

On air

Concert  |  Indian Summer

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Grenziwwergang Rafah nach ëmmer zou - Pro-palästinensesch Studenteprotester gi virun

Aktuelles aus dem Noen Osten

Grenziwwergang Rafah nach ëmmer zou - Pro-palästinensesch Studenteprotester gi virun

Israel huet de Grenziwwergang zu Rafah nach ëmmer net opgemaach. Dat stéisst op Kritik. Wat d'Verhandlungen iwwer eng méiglech Wafferou ugeet weise sech international Observateure mëttlerweil liicht optimistesch. An op den Unien uechtert Europa ginn d'Protester virun.

auto_stories

1 min

Studenteprotester | © picture alliance/dpa | Hendrik Schmidt
Foto: picture alliance/dpa | Hendrik Schmidt

Am Noen Osten huet Israel de Grenziwwergang zu Rafah trotz internationale Kriticken nach net nees opgemaach. Gëschter hat Israel d‘Kontroll vun der palestinensescher Säit vum Grenziwwergang mat Ägypten iwwerholl. Déi humanitär Hëllefsconvoie kënnen den Ament net iwwert déi Grenz an d‘Gazasträif erafueren. Ënner anerem d‘UNO huet Israel opgeruff, d‘Grenz nees opzemaachen.

Iwwerdeems lafe weider intensiv Verhandlungen iwwer eng Wafferou. D‘USA weise sech optimistesch, datt Israel an d‘Hamas sech eens wäerte ginn, sou den US-Sécherheetsberoder John Kirby.

Pro-palästinensesch Studenteprotester a ganz Europa

Déi pro-palästinensesch Studente-Manifestatiounen an Europa ginn iwwerdeems och virun. Op europäeschen Unicampussen hu Studente weider manifestéiert an zum Deel Plazen a Gebaier besat, ënner anerem zu Berlin, Köln an an der Schwäiz.

Op verschiddene Plazen ass d‘Police intervenéiert. Och zu Paräis huet d‘Police nees a Rassemblement op der Uni Sciences Po opgeléist. Op der Sorbonne goufe Studente vun der Police ewech gefouert, nodeems si e Sall besat haten.