search

/ Gréiwemaacher Gemengerot ass unanime géint den Ausbau vun den TANKLUX-Lager

Lokal

|
reading time

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Gréiwemaacher Gemengerot ass unanime géint den Ausbau vun den TANKLUX-Lager

De Gemengerot zu Gréiwemaacher stellt sech eestëmmeg géint de geplangten Ausbau vun den Tanklageren am Hafe vu Mäertert. Dëst nodeems d’Firma TANKLUX S.A. de 15. Oktober déi néideg Autorisatioune vum Ëmwelt- a vum Aarbechtsministère kritt hat, fir seng Lagercapacitéite méi wéi ze verduebelen. 

reading time

3 min

headphones

2 min

play_arrow
© Bigstock
(Foto: Bigstock)

Dat lescht Wuert bei deem Projet wier nach net geschwat, esou d’Positioun vum Maacher Gemengerot, déi de Moien an der Gemengerotssëtzung unanime e sougenannte Recours gracieux géint d’Decisioun beschloss hunn.

D'Capacitéite soll sech méi wéi verduebelen 

D’Firma TANKLUX S.A. wëllt seng Capacitéite fir d’Lagerung vu Pëtrolsproduiten op der Musel méi wéi ze verduebelen. Dat vun elo ronn 61.000 op 151.000 Meterkibb. D’Gemeng Gréiwemaacher wier “äiskal erwëscht” ginn, wéi se per Courrier vun der Ëmweltverwaltung a vum Aarbechtsministère vun dëser Autorisatioun gewuer gi wier. Dat sot d’Maacher Buergermeeschtesch de Moien am Gemengerot. 

Si huet d’Eckdaten nach eng Kéier zesummegefaasst. Vun aktuell ronn 61.000 Meterkibb wéilt TANKLUX d’Capacitéit mat siwen neie Reservoiren ëm 90.000 Meterkibb erweideren. Zwar wieren an der neier Autorisatioun Oploen dran, mee um Fong géif dat näischt änneren. 

Bei engem Recours gracieux handelt et sech ëm eng aussergeriichtlech Méiglechkeet fir Asproch bei där Autoritéit anzereechen, déi d’Geneemegung ausgestallt huet – also an dësem Fall d’Ministèren.

Zäitalter vun der Energietransitioun

D’CSV-Buergermeeschtesch Monique Hermes huet de Moien an der Sëtzung nach eemol rappelléiert, firwat ee géint d’Vergréisserung vun de Lageren ass.

Mir géifen am Zäitalter vun der Energietransitioun hin zu erneierbaren Energien liewen. Déi immens grouss Erweiderung vun der Capacitéit vun de Pëtrolstanker géif einfach kee Sënn maachen. 

"Duerch de Klimawandel sinn d’Peegelstänn um Rhäin ze niddereg fir en effiziente Schëffsverkéier. En ass doduerch tëschent dem Rotterdamer an dem Mäerterter Hafen dacks gestéiert."

Nieft de wirtschaftlechen Aspekter gesäit d’Monique Hermes an den Tanklageren awer och eng Rei Risiken fir déi lokal Bevëlkerung. Déi nei Tanke géife just e puer honnert Meter vum Wunnquartier Op Flohr ewech leien.

Sécherheet an Gesondheet a Gefor 

D'Buergermeeschtesch gesäit hei eng Gefor fir d'Gesondheet vun de Bierger:innen an och fir hir Sécherheet. Beispillsweis Drone kéinten d'Tanklager cibléieren. 

"D’Gesondheet an d’Sécherheet vun de Bierger sinn a Gefor duerch Emissioune, Kaméidi, Geroch an Onfallrisiken. An enger Welt wou Dronen ëmmer méi en Theema sinn, klëmmt och dee Risiko fir den Hafe vu Mäertert. D’Ëmwelt ass a Gefor, Verschmotzung vu Loft a Buedem, vum Waasser, a vun der Musel."

Och wier net kloer, wéi sécher déi al Tanken iwwerhaapt nach sinn. Dës Fro wier zwar schonn dacks opgeworf ginn, awer nach ni zefriddestellend beäntwert.

De Claude Wagner vun der DP sëtzt zu Gréiwemaacher als Gemengerotsmember an der Oppositioun. Hien huet d’Fro opgeworf, firwat an Zäite vun der Energietransitioun dann iwwerhaapt nach zousätzlech Lagercapacitéite fir Pëtrolsproduite gebraucht ginn. 

D'Gemeng Mäertert wéilt de selwechte Wee goen

Säi Parteikolleeg, den Energieminister Lex Delles, hat de Moien op eiser Antenne gesot, datt de Besoin eigentlech géif erofgoen. 

"Wa mir d’Trajectoire vun eise PNEC-Ziler verfollegen, wou mir gesinn, datt mir aus dem Tanktourismus erauskommen, datt mir manner CO2-Emissiounen zu Lëtzebuerg hunn, an alle verschiddene Secteuren, brauche mir an Zukunft manner Capacitéiten."

D’Firma TANKLUX gesäit dat, wéi et schéngt, anescht. D’Tanklagere leien elo scho gréisstendeels um Territoire vun der Gemeng Gréiwemaacher. 

D’Nopeschgemeng Mäertert hätt gëschter de selwechte Schrëtt decidéiert, esou d’Monique Hermes. Falls dëse Recours gracieux géif refuséiert ginn, wier ee prett, weider Schrëtt a Richtung Verwaltungsgeriicht ze goen, huet d’Buergermeeschtesch nach annoncéiert. 

play_arrow Lauschteren