Radioen

On air

9 bis 1  |  Octo - Tréinen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Google riskéiert weidere Réckschlag virum europäesche Geriichtshaff

Wéinst Verstouss géint Reegele vu fairer Konkurrenz

Google riskéiert weidere Réckschlag virum europäesche Geriichtshaff

Google steet méiglecherweis virun engem weidere Réckschlag virum europäesche Geriichtshaff. An engem Avis huet eng Generalaffekotin d‘Amende verdeedegt, déi d‘EU-Kommissioun 2017 géint den Internetgigant ausgeschwat hat. 

auto_stories

1 min

Deemno sollt Google 2,4 Milliarden Euro Strof bezuele wéinst Verstouss géint d‘Reegele vun der fairer Konkurrenz.

Mat engem éischte Recours virum Geriicht vun der Europäescher Unioun war Google scho gescheitert. Den Avis vun der Generalaffekotin vum Europäesche Geriichtshaff ass fir d‘Riichter net bannent, gëtt awer an der Reegel zeréck behalen. Mat engem Urteel ass allerdéngs eréischt an e puer Méint ze rechnen.