Radioen

On air

Euranet Plus Podcast  |  

play_arrow Live
search

/ Gilles Roth: Eventuell positive Solde am Gesamtstaat

Budget 2025

Gilles Roth: Eventuell positive Solde am Gesamtstaat

2024 kéint eventuell mat engem positive Solde beim Gesamtstaat op een Enn goen. Dat seet de Finanzminister Gilles Roth a senger Ried zum Optakt vun de Budgetsdebatten. De Minister hat fir dofir ganz aktuell Zuelen dobäi, an déi weisen all no uewen.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: Chambre des Députés

D‘Firma Lëtzebuerg dréint a produzéiert Recetten, dat trotz alle globale Krisen. De Finanzminister Gilles Roth hat seng Ried extra missen ëmschreiwen, fir nei Zuelen ze presentéieren, an déi sinn alleguerte positiv. 

„Méiglech, an ech paken Holz un, ass en Defizit fir 2024 vu manner wéi 500 Millioune beim eigentleche Staat, jo eventuell souguer ee positive Sold am Gesamtstaat.“

Nach wier et awer ze fréi, definitiv Schlëss ze zéien. Definitiv Aussoe kann ee réischt am éischten Hallefjoer 2025 maachen.

Virun allem op Recettësäit gouf et deemno e weidere plus vun 2,9 Milliarden Euro op den 30. November, dat well d‘Lounsteier an d‘Kierperschaftssteier méi abruecht hunn wéi erwaart.

Verschidden Entreprisen hunn och exzeptionell Gewënner an dem Joer versteiert.

Donieft wieren d’Aschätzunge virun engem Joer och vill ze negativ gewiescht. Dat awer wuel och well een aus Krisenzäite koum.

"De Roude sou um Liewe wéi scho laang net méi"

Weider wieren eng Rei Depensen net realiséiert ginn. Sief et well se verluecht goufen oder Rekrutementer beim Staat net konnte realiséiert ginn. D‘Warnunge vun Oppositiounssäit wieren also net ubruecht.

„D'Fro vum Schrödinger senger Kaz gouf gestallt, ob déi elo lieweg oder dout wier. Abee, ech kann Iech soen, déi Kaz respektiv dee roude Léif ass esou lieweg wéi scho laang net méi.“

Mam Budget géif d‘Ekonomie ënnerstëtzt ginn déi dann nees e staarke Sozialstaat kéint stäipen. Dat ass den allgemenge Credo vun de Regierungsparteien an deen och den CSV-Deputéierte Marc Spautz agestëmmt huet.

Wiesselwierkung tëschent Ekonomie a Sozialmodell

De Kuch muss gebak ginn, éier e ka verdeelt ginn, huet meng Bom ëmmer gesot. An dat ass och an der Politik an an der Wirtschaft esou. An deem Kontext wollt ech nach eng Kéier rappelléieren, datt 47 Prozent vun eisem Budget, dat heescht bal d'Hallschent sozial Transferte sinn.“

Et géif eng Wiesselwierkung tëschent enger staarker Ekonomie an engem staarke Sozialmodell.

Den aktuelle Budgetsprojet mat senger Sozialpolitik wier kee Broch mat der Politik vun der Virgängerregierung. Dat huet dogéint den DP-Deputéierte Gilles Baum kloer gestallt

D‘Debatte ginn am Nomëtte virun, mat de Vetrieder:inne vun den Oppositiounsparteien

Lauschterenplay_arrow