search

/ Gilles Roth: Keng Tabuen, wat personell Konsequenze bei der Spuerkeess ugeet

Caritas-Affär

|
headphones

1 min

Gilles Roth: Keng Tabuen, wat personell Konsequenze bei der Spuerkeess ugeet

Fir de Gilles Roth ginn et nach ëmmer keng Tabuen an der Fro vu méigleche personelle Konsequenze bei der Spuerkeess. Den CSV-Finanzminister sot gëschter um Méindeg no enger Reunioun vun der Chamber-Finanzkommissioun, hie géif keng Personalentscheedunge vun uewen erof diktéieren.

headphones

1 min

© SIP / Frédéric Sierakowski
(Foto: SIP / Frédéric Sierakowski)

De Finanzregulateur CSSF hat an der Suite vun der Caritas-Affär eng Geldstrof vu 5 Milliounen Euro géint d'Spuerkeess decidéiert. Et goufe Schwächte beim Finanzmonitoring festgestallt.

déi gréng wollte gëschter nach eng Kéier Erklärunge vun de staatleche Vertrieder bei der Spuerkeess. Duerno huet déi gréng Deputéiert Sam Tanson dës Conclusioun gezunn:

"Et ware Flanke bei der Spuerkeess op. Déi sinn deelweis behuewe ginn, awer net komplett. Ech bleiwe beim Constat: Déi Envergure vum Caritas-Dossier wier net esou grouss gewiescht, wa bei der Spuerkeess alles esou fonctionéiert hätt, wéi et sollt fonctionéieren."

play_arrow De Gilles Roth