Trotz der aktuell schwiereger Situatioun am Secteur hätt ee fir déi 20.000 Salariéë Verbesserunge kënnen duerchsetzen, sou d‘Gewerkschaften. De Jorescongé geet vu 27 op 28 Deeg erop, d‘Salairen an der Karriär B1 gi liicht erop an den Accès op Formatioune fir d‘Karriäre Bd an B1 gëtt vereinfacht.
De Kollektivvertrag leeft vum éischte Januar 2025 u fir ee Joer.