De Mindestloun sollt och erhéicht ginn, ëm 300 €, fir datt Salariée(ë)n dovu liewe kéinten.
Frieden a co. dreeme vu 24/7 Aarbecht
D’Betriber sollte sech iwwerdeems un de Lëtzebuerger Modell halen an an den Entreprisë sollt et méi Matbestëmmung ginn. Donieft hat d’OGBL-Presidentin nach Revendicatiounen zur Aarbechtszäit.
“Déi lescht Aarbechtszäitverkierzung hate mer 1975 an an der Tëschenzäit verbrénge mer all méi Zäit am Stau, fir um Wee op d’Aarbecht, den Drock op der Aarbecht hëlt dauernd zou a wa mer doheem sinn, beschäftege mer eis nach ëmmer mat der Aarbecht a bleiwen dauernd connectéiert zu der Aarbecht.”
Et bräicht een eng Aarbechtszäitverkierzung mat vollem Lounausgläich, eng 6. Congéswoch fir jiddereen, méi Pausen, méi Zäit fir Privatliewen a manner Zäit op der Aarbecht an am Stau, esou d’Nora Back an hirer Ried.
“De Luc Frieden an den Här Reckinger, déi wëllen eis nach méi laang schaffe loossen. Si dreeme vum 24/7 disponibelen, total flexibele Salarié, deen awer och nach soll dankbar sinn, fir iwwerhaapt däerfen ze schaffen. An dat nenne si da modern.”
Weider Fuerderunge vun der Nora Back waren e konsequent Ugoe vum Logementsproblem an ee méi gerechte Steiersystem.
Patrick Dury: Gewerkschafte wëlle keng Alibi-Roll spillen
Op der 1. Mee-Feier vum LCGB zu Réimech gouf et vum President Patrick Dury schaarf Kritik un der Regierung, déi net genuch géint d’Aarmut géif ënnerhuelen, sief dat fir Pensionéierter oder fir Mindestlounëmpfänger.
Eng anstänneg Sozialpolitik géif eng strukturell Opbesserung vum Mindestloun a vun der Mindestrent net duerch eng Caritas-Politik ersetzen, esou d’Kritik vum LCGB. Et géif e Manktem u Sozialdialog ginn. An och wann de Premier elo eng Tripartite géif an Aussiicht stellen, wéilten d’Gewerkschaften OGBL an LCGB net nees eng Alibiroll spillen, wéi dat an hiren Aen am Dossier Pensiounsreform de Fall gewiescht wier.
E weideren Dar am A vum Patrick Dury bleift d’Fuerderung vun der Doktesch- an Zänndokteschassociatioun AMMD, déi d’Konventioun mat der CNS refuséiert ze ënnerschreiwen.
Net un eise Gesondheetssystem – Generalstreik net ze verhënneren
Sollt d’Regierung de Gesondheets- a Sécurité sociale-System, deen op Solidaritéit baséiert, ofbaue wëllen, da géife souwuel den LCGB wéi och den OGBL dogéint kämpfen.
“Ëm wat geet et hei, datt d'Dokteren ouni Konventioun alles kënnen opschreiwen an alles a Rechnung stellen, wat se wëllen, an datt d'Regierung duerch d'Hannerdier vun engem Reglement den Dokteren erméiglecht, datt se froe kënne wat se wëllen an esou d'Remboursementer vun der CNS staark aschränken, datt also déi gesolpert Rechnung op d'Assuréen duerkënnt, déi sech muer villäicht eng anstänneg Krankeversécherung guer net méi kënne leeschten. (...) Sollt dat doten effektiv d'Regierungspolitik sinn, da wäerten all d'Äerm hei am Land briechen, da wäert d'Unioun OGBL an der LCGB eng Informatiouns-a Mobiliséierungscampagne hei am Land an och an der Groussregioun op de Wee bréngen, déi mir bis elo nach net kannt hunn. An um Enn vun dëser Campagne ass dann de Generalstreik net méi ze verhënneren. Eis Sécurité sociale, eis Gesondheetsversécherung ass eis dat wäert.”)
De Patrick Dury huet e Marathon un Aktioune bis 2028 ugekënnegt. Eng Informatiounscampagne géif an der ganzer Groussregioun gefouert ginn.