arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gewerkschafte manifestéieren um 1. Mee

Aarbechtswelt

|
reading time

4 min

headphones

14 min

play_arrow

Gewerkschafte manifestéieren um 1. Mee

D‘Gewerkschafte ruffen haut traditionell um 1. Mee zu gréissere Manifestatiounen a Fester am Kader vum Dag vun der Aarbecht op.

reading time

4 min

headphones

14 min

play_arrow

Op der 1. Mee Feier vum LCGB de Mueren zu Réimech  gouf et vum President Patrick Dury schaarf Kritik géint d’Regierung, déi net genuch géint d’Aarmut géif ënnerhuelen. Sief dat fir déi Pensionéiert oder fir d’Lounempfänger.

Aus Front gëtt ëmmer méi Unioun

D’Regierung géif a verschidden Dossieren näischt ënnerhuele fir ënner anerem eng strukturell Opwäertung vum Mindestloun an d’Weeër ze leeden. De Sozialdialog géif feelen.

Et ass beim LCGB opgefall, datt déi Feier ugefaangen huet mat engem Video vun der OGBL-Presidentin.

Patrick Dury  | © Carole Schimmer
Patrick Dury (Foto: Carole Schimmer)

D’Nora Back huet an hirem Message betount, datt béid Gewerkschaften esou no stoungen ewéi nach ni.

An och visuell am gemeinsame Logo enger rouder Raut an engem grénge Krees gouf et kloer, datt aus engem Front  syndical et ëmmer méi a Richtung Unioun geet.

play_arrow Andréck vu Réimech

Klassekämpferesch Ried vun der Nora Back (OGBL)

Direkt e puermol sot d’OGBL-Presidentin nämlech, déi “salariatsfeindlechst Regierung aus de leschte Joerzéngten” hätt hire Camp gewielt, dee vum Grousskapital, vum Patronat a vun den Immobilienhaien. Domat huet d’Nora Back op d’Steierpolitik ugespillt, d’Sozial- an d’Logementspolitik. D’Gewerkschaften aus dem Privatsecteur LCGB an OGBL, déi sou staark zesumme stéinge wéi nach ni, hätten och hire Camp gewielt, nämlech dee vun de Leit, déi schaffen. Déi hätte fir d’lescht elo beim Mindestloun gewise kritt, wat “de Luc Frieden a seng Band” vun hinnen hale géifen.

D’CSV/DP-Regierung hätt et mat hirer Politik awer ebe fäerdeg bruecht, datt d’Gewerkschafte fest zesumme stéingen, an dat géif net méi änneren, au contraire.

"Kee geet un eise Gesondheetssystem"

Sollt schwaarz-blo nämlech Verschlechterungen am Gesondheetswiesen an der Nues hunn, da géif et richtege Géigewand ginn, well da wier e Generalstreik net méi ze verhënneren. “Eis Sécurité sociale, eis Gesondheetsversécherung sinn eis dat wäert”, huet d’Nora Back der Regierung entgéint geruff. An den Ae vun der OGBL-Presidentin hätt, wéi et ausgeséich, net nëmmen d’Patronat, mee hätten och déi liberal Doktere vun der Regierung Versprieche gemaach kritt, a Richtung zwou-Klassen-Medezin. Mee un de Gesondheetssystem géif kee goen, huet d’Nora Back verséchert.

Kritik gouf et um Patronat, dat ëmmer jéimere géif, um Aarbechtsminister Marc Spautz, deen de Mindestloun net genuch gehéicht hätt, an un de Wunnéngsmaartspekulanten, déi den Hals net voll genuch kriten. Et bräicht besser Aarbechtskonditioune fir d’Salariéen, eng Aarbechtszäitverkierzung an e gerechte Steiersystem. A fir den 12. Mee gouf en “Meeting fir eng strukturell Erhéijung vum Mindestloun” ugekënnegt.

play_arrow Andréck aus der Abtei Neimënster

Berlin, Hamburg a Leipzig

Och an den Nopeschlänner si fir haut gréisser Manifestatiounen ugekënnegt. Uechter ganz Däitschland wëllen ënner anerem Gewerkschaften demonstréieren. Virun allem zu Berlin, zu Hamburg an zu Leipzig hätt d‘Police sech dodrop virbereet, heescht et vun den Autoritéiten

Paräis

A Frankräich ass ënner anerem zu Paräis ee gréissere Cortège geplangt. Och hei stinn Diskussioune ronderëm Aarbechtsrecht am Fokus. Déi franséisch Regierung hat eng Reform envisagéiert, déi et erméigleche soll, datt verschidde Secteure wéi Bäckeren a Fleuristen och um 1. Mee kéinten opmaachen, wat bei de Gewerkschaften op staark Kritik gestouss ass.

play_arrow Lauschteren