Deemno wieren intern E-Maile vum President vun der Personaldelegatioun vun der Direktioun matgelies ginn an de Contenu duerno genotzt ginn, fir Drock op Mataarbechter:innen ze maachen. De President vun der FGFC Claude Reuter schwätzt an deem Kontext vun engem Vertrauensbroch.
"An doropshin huet herno den TICE da selwer en USB-Stick mat lauter Informatiounen erausginn, wou si dra soen, wat si alles un Informatiounen hunn, a wou mir béis iwwerrascht waren, datt hei och e ganz Pak E-Mailen dra war."
Dat wier eng intolerabel Situatioun, esou de Claude Reuter. Grad bei der Personaldelegatioun misst Vertrauen op éischter Plaz stoen.
D‘FGFC préift elo juristesch Schrëtt wéinst dëser Affär.
An engem zweeten Dossier läit d‘FGFC am Clinch mat enger net-genannter Gemeng. Hei wier KI genotzt gi fir Virwërf géint ee Mataarbechter ze konstruéieren, esou d‘Kritik vun der Gewerkschaftssäit.