arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CGFP begréisst Austausch mat Regierung iwwer ëffentlech Etablissementer

Aarbecht

|
headphones

1 min

CGFP begréisst Austausch mat Regierung iwwer ëffentlech Etablissementer

D‘CGFP ass frou, datt d‘Regierung Kompromëssbereetschaft weist. An engem Communiqué deelt d‘Staatsbeamtegewerkschaft mat, datt si eng Entrevue mam Premierminister Luc Frieden a mam Minister fir d‘Fonction publique Serge Wilmes hat.

headphones

1 min

© Ana Angel
(Foto: Ana Angel)

Do gouf iwwer déi nei ëffentlech Etablissementer geschwat. D‘CGFP hätt do gäre kloer Krittären, datt d‘Mataarbechter:inne vun deenen établissements-publicen den ëffentlech-rechtleche Statut misste kréien. Ausléiser waren zwee nei Etablissementer am Gesondheetsberäich.

D‘CGFP hat Ufanks Februar dowéinst de Conciliateur ageschalt. Well d‘Gespréicher mat der Regierung ganz konstruktiv gewiescht wieren, a si d‘Fuerderunge vun der CGFP och gréisstendeels wéilt ëmsetzen, géif een d‘Schlichtungsprozedur bis op Weideres roue loossen.