search

/ FGFC: "Wat d'Digitaliséierung ugeet ass de Gros vun eise Gemengen am Mëttelalter"

Gemengepersonal-Gewerkschaft

|
reading time

3 min

headphones

2 min

play_arrow

FGFC: "Wat d'Digitaliséierung ugeet ass de Gros vun eise Gemengen am Mëttelalter"

D’FGFC fuerdert Reformen an de Beräicher Personal oder och Digitaliséierung. Si begréisst déi nei Resolutioun, fir d’Ëmsetzung vu Gehälteraccorden an der kommunaler an an der staatlecher Fonction publique sou gutt et geet gläichzäiteg ze behandelen. Mee fir d’Gewerkschaft geet dat net duer.

reading time

3 min

headphones

2 min

play_arrow
© Luca Di Santolo
(Foto: Luca Di Santolo)

D’Gewerkschaft vum Gemengepersonal  gesäit vill Verbesserungsméiglechkeete bei de Gemengen. Ee Kritikpunkt ass, datt déi kommunal Rekrutéierungsprozedur ze laang dauere géif wärend déi staatlech beschleunegt géif ginn, esou de Claude Reuter, President vun der FGFC.

"Mir als FGFC weisen eis komplett irritéiert, well mir säit Joren drop hiweisen, dass eis Kommunalprozedur ze laang an och net mam Staat zäitgläich opgeet, dat mat der Konsequenz, dass massiv Leit net nëmmen dann och un de Staat bei der Rekrutéierung verluer ginn."

Epreuvë ginn dacks zäitlech net laanschteneen

De Gemengesecteur géing zënter véier Joer dorop waarden, datt eng administrativ Vereinfachung duerchgesat gëtt, esou de Claude Reuter.

D’FGFC kritiséiert d’Epreuve d’aptitude generale (EAG) déi als éischt ofgeschloss muss ginn ier een de Gemengenexamen schreiwen dierf. Dacks ass d’EAG awer ze spéit bewäert oder réischt no dem Gemengenexamen, esou datt ee bis zu sechs Méint waarde misst fir dësen Test nach eng Kéier ze schreiwen.

Digitaliséierung léisst ze wënschen iwwereg

Och bei der Digitaliséierung gesäit d’FGFC nach vill Sputt no uewen. Trotz der Aféierung vun digitalen Hëllefsmëttele wéi dem nationale Gemengeregister, Mistral AI, an der neier Plattform COSMOS, déi den Datenaustausch tëschent Staat a Gemenge vereinfache géif, wieren nach vill Gemengen hannendrun mat der Digitaliséierung.

"Wat awer elo praktesch de kommunale Secteur betrëfft, ass de Gros vun eiser Gemengen am Mëttelalter. Vill Archive sinn net digital, trotz dem zoustännege Gemengesyndikat SIGI kacht bal jiddereen seng eegen Zopp a wéi dat esou schéin heescht: Vill Käch verdierwen de Bräi. Als FGFC bedauere mir, dass och no deenen turbulenten Zäiten am SIGI bis haut weeder e Gesamtkonzept um Dësch läit, nach eng gemeinsam Visioun vum Staat am Bezuch Mistral an aner Programmer."

D’FGFC schléit dowéinst vir an de Gemengen, souwuel beim Material, wéi och bei de Programmer eng uniformiséiert Informatik anzeféieren.

FGFC fuerdert Kollektivvertrag fir den ëffentlechen Déngscht

Dorun uschléissend fuerdert d’Gewerkschaft vum Gemengepersonal eng Moderniséierung vun der Fonction Publique. Aktuell géing et de Gemengen u qualifizéierte Fachkräft feelen. D’Gemengen wiere souwuel ënnertenee fragmentéiert wéi och géigeniwwer dem Staat.

Iwwerdeems géing et ze grouss Ënnerscheeder bei de Statuten an Aarbechtsbedéngunge vum Personal am selwechten ëffentlechen Déngscht ginn, esou de President vum FGFC, Claude Reuter.

"An anere Wierder, méi wéi zwee Drëttel vun de Beschäftegten am kommunalen Déngscht stinn ausserhalb vun deem klasseschen ëffentleche Statut. Mir widderhuelen awer hei fir den ëffentlechen Déngscht, dass mer dofir sinn, dass mer ee Kollektivvertrag fir de gesamten ëffentlechen Déngscht brauchen. Et kann net sinn, dass all Gemeng oder och nëmmen e puer Gemengen aner Konditiounen hunn oder dass ee besser oder manner Konditiounen huet. Et verstéisst gëtt de Grondprinzip vum Fonctionnement vum ëffentlechen Déngscht an och gëtt den Egalité de traitement."

D'FGFC begréisst awer de rezenten Accord iwwer en nationale Plang fir Kollektivverträg am Kader vum Comité permanent du travail et de l'emploi (CPTE).

ge souwuel am Material wéi an de Programmer  eng uniformiséiert Informatik  anzeféieren. 

play_arrow Lauschteren