Radioen

On air

Notturno  |  Nourished By Time - Daddy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gespréichstheema Ukrain: Emmanuel Macron trëfft Scholz an Tusk

Berlin

Gespréichstheema Ukrain: Emmanuel Macron trëfft Scholz an Tusk

Zu Berlin schwätzen um spéide Freidegmoien de franséische President an den däitsche Kanzler mateneen. No dësem bilaterale Gespréich gesinn den Emmanuel Macron an den Olaf Scholz den neie polnesche Premier Donald Tusk. Theema ass op en Neits d'Ënnerstëtzung vun der Ukrain am Krich géint Russland.   

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Emmanuel Macron Olaf Scholz | © picture alliance/dpa | Michael Kappeler play_arrow
Foto: picture alliance/dpa | Michael Kappeler

Am Virfeld vun dëse Rendez-vousen an der däitscher Haaptstad hat de franséische Staatschef Emmanuel Macron gëschter nach eng Kéier däitlech gemaach, datt hien net ausschléisst, westlech Buedemtruppen an d’Ukrain ze schécken. 

All Optioune wiere méiglech, esou an dësem Kontext de franséische President gëschter Owend an engem Interview op TF1 a France 2. Doran huet den Emmanuel Macron och däitlech gemaach, datt den Zäitpunkt fir Buedemtruppen an d’Ukrain ze schécken de Moment net do wier, an esou een Asaz och net säi Wonsch wier. Et géif een net op Eskalatioun setzen.

"Nous, nous ne sommes pas en guerre contre la Russie. Simplement, il faut être clair: nous ne devons pas laisser la Russie gagner."

Kënnt een op ee gemeinsamen Nenner?

De franséische President huet am Interview vu gëschter och dorun erënnert, datt déi westlech Staaten - wéinst der Entwécklung vum russesche Krich an der Ukrain – systematesch dat gemaach hätten, wat si virdrun ausgeschloss haten.

"Il y a deux ans, nous disions: jamais nous n'enverrons des chars. On l'a fait. Il y a deux ans, on disait: jamais nous n'enverrons des missiles. On l'a fait."

D’Gespréicher haut zu Berlin si knapp dräi Wochen no der Ukrain-Konferenz zu Paräis, no där de franséische President eng éischte Kéier gesot hat, datt hien net ausschléisst, westlech Truppen an d’Ukrain ze schécken. Den däitsche Kanzler hat duerno ausgeschloss, däitsch Zaldote wëllen ze schécken.

Wéi Macron a Scholz an dëser Fro op eng gemeinsam Positioun wëlle kommen, gëllt fir de Moment als onkloer.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Europa
Krich an der Ukrain
Politik