Radioen

On air

Notturno  |  Actarus - Aikido

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zefridde Baueren nom Landwirtschaftsdësch

Landwirtschaft

Zefridde Baueren nom Landwirtschaftsdësch

Gëschter koum deen éischten institutionaliséierte Landwirtschaftsdësch beieneen. Zu Senneng am Schlass hu sech d’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen an den Ëmweltminister Serge Wilmes mat Vertrieder aus dem Landwirtschaftssecteur getraff.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: SIP / Claude Piscitelli

Am Mëttelpunkt vun den iwwer siwe Stonne laange Gespréicher stoung de Pragmatismus. Et wéilt een eng realitéitsbezunne Politik schafen, wou séier Saachen ëmgesat ginn, heescht et vun der Landwirtschaftsministesch Martine Hansen. Dozou géif virun allem gehéieren, Prozeduren ze vereinfachen.

Sou zum Beispill am Beräich vum Bauen an de Gréngzonen. Do gouf sech virgeholl, d’Virschrëften op ee Minimum ze reduzéieren an ee Guichet Unique ze schafen, fir all d’Froe ronderëm d’Bauen an enger Gréngzon einfach a schnell beäntwerten ze kënnen.

Méi einfach Prozeduren am Beräich Waasserschutz

Weider misst dat komplett Naturschutzgesetz eemol op de Leescht geholl ginn, heescht et vum Ëmweltminister Serge Wilmes. Och beim Theema Waasserschutz sollen elo och d’Prozedure vereinfacht ginn, fir Schutzgebidder ënnert gewësse Konditioune méi einfach bewirtschaften ze kënnen.

Wat den Nationale Strategieplang ugeet, do soll virun allem d’Definitioun vum aktive Bauer eemol iwwerschafft ginn. Well den Ament ass et sou, datt eng Rei Baueren dowéinst net eligibel sinn, fir verschidde Primmen ze kréien. Dat wëll een elo änneren an d’Primme méi breet opstellen, sou d’Martine Hansen. Ënner anerem sollen dofir zum Beispill eng speziell Wäibau-Primm an eng Berodungsprimm agefouert ginn, sou d‘Ministerin.

„Mir maachen et op fir d’Hagel-Versécherung, mir maachen et op fir d’Prekonversioun - dat heescht wann d’Wéngerten nei ugeplanzt ginn.“

D'Bauere fille sech méi agebonnen

Fir d’Ausschaffe vum Nationale Strategieplang sollen d’Baueren allgemeng méi proaktiv mat agebonne ginn, sou nach d’Landwirtschaftsministesch.

De President vun der Landwirtschaftskummer Guy Feyder weist sech alles an allem zefridde mam Resultat vun dësem éischte Landwirtschaftsdësch.

“Ech kommen net derlaanscht festzestellen datt et ee Paradigmewiessel an der Atmosphär ronderëm d’Agrikultur gëtt, déi politesch Atmosphär mengen ech domat.“

Nächste Landwirtschaftsdësch a sechs Méint

D‘Bauere géife sech confirméiert spieren a wieren zouversiichtlech, datt een de konstruktiven Ëmgang matenee kéint weiderféieren.

Et wieren ambitiéis Ziler, déi sech haut virgeholl goufen, mee dës wieren awer wichteg, heescht et nach vum President vun der Landwirtschaftskummer, wéi och vun de Ministeren. An engem hallwe Joer soll dann den nächste Landwirtschaftsdësch stattfannen.

Lauschterenplay_arrow