Zemools bei der musikalescher Produktioun ginn nach vill aner Saachen ausprobéiert, woubäi nach lauer aner Museksgenren um Album erëm ze fanne sinn. An textlech si mer och méi politesch, well déi nei Plack ass kloer e Resistenzalbum.
Protest
De Genesis Owusu dréckt sech ganz kloer aus an hëlt kee Blat virun de Mond. Direkt beim éischten Track “PIRATE RADIO” gi politesch Figure wei den Donald Trump oder och den Elon Musk ernimmt a kritiséiert.
Duerch de ganzen Album zeie sech déi Kriticke géint Faschismus, Power Dynamiken an eiser Gesellschaft, déi an de leschte Joren ëmmer méi siichtbar ginn, an d’Beschreiwung vun enger Gesellschaft, déi grad extreemen Drock spiert.
An iwwer den Album gëtt wierklech bal all Theema ugeschwat, well de Genesis Owusu och iwwer Rassismus, Gaza oder och nach Trans-Rechter schwätzt.
An et ginn och verschidde Léisunge proposéiert, wéi zum Beispill räich Leit méi héich ze taxéieren. An net nëmmen hëlt de Genesis Owusu heibäi kee Blat an de Mond: Hie geheit d’Nolauschter:innen direkt an den Discours eran.
Et ass net eng distanzéiert Vue op déi Situatiounen, déi da kommentéiert ginn, mee eng éierlech an emotional Ausernanersetzung mat der Realitéit vun eiser Welt.
Dobäi kommen natierlech haaptsächlech Gefiller vu Roserei an och Ängscht erop, déi de Museker hei um Album verschafft an ausdréckt.
Wéi kann et sinn, datt mir an dëser Situatioun sinn, déi schlecht ass, wou mir awer vun deenen do Uewe gesot kréien, et wier dach awer net esou schlecht? An trotz all deene Saache geet a muss et och einfach weider goen.
Produktioun
Niewent dem Text ass och déi musikalesch Produktioun op dësem Album opfälleg. Bis elo war ee vum Genesis Owusu gewinnt, eng Mëschung aus Rap a Rock ze héieren. Dat ass op dësem Album natierlech och mat dobäi, mee et ginn nach esou vill aner Genren, déi mat era spillen.
Do geet et da mol méi elektronesch à la Daft Punk, mee och mol méi punkesch a souguer liicht theatralesch. En Album, deen also extrem vill bitt an net langweileg gëtt beim lauschteren.
Chaos
Déi vill ënnerschiddlech Influenze gekoppelt mam politeschen Text maachen d’Lauschtere vum Album alles aneres wei langweileg, mee et ass och vill bei der éischte Kéier wou een d’Plack duerchlauschtert.
Den Album muss ee méi wei eng Kéier lauschteren, fir wierklech alles gutt verdauen ze kënnen. Dat ass awer keng Kritik: de Chaos an och d’Iwwerfuerderung gehéieren hei iergendwéi einfach dozou an ënnersträichen nach méi d’Haapttheema vum Album.
D’Welt, an där mir liewen, iwwerfuerdert grad an ass och mol ustrengend. Do ass et da schéin ze héieren, datt och nach een aneren esou frustréiert a rosen driwwer ass.