Als Generaldirekter vun der Partei wier hie responsabel gewiescht, fir ze garantéieren, datt d‘Partei akzeptabel Kandidature fir d'Parlamentswalen a Frankräich stelle kéint. Mee wärend der Campagne hätte sech Dosende Kandidaten a Kandidatinnen sech rassistesch, homophob, xenophob an anti-semitesch reveléiert.
De Rassemblement National koum am zweeten Tour vun de Parlamentswalen entgéint den Erwaardunge just op déi drëtte Plaz. Déi lénks-gréng Allianz Nouveau Front Populaire huet d‘Wal gewonnen, virun der presidentieller Lëscht Ensemble. Den Nouveau Front Populaire sot gëschter, e wéilt bis Enn der Woch e Kandidat oder eng Kandidatin fir de Poste vum Premier proposéieren.